Diskussioun:Schiedel

Letzter Kommentar: viru(n) 5 Méint von Bdx in Abschnitt Lemma

Lemma änneren

Diskussioun iwwer dat Lëtzebuergescht Wuert fir Schädel (Däitsch) oder Crâne (Franséisch). Op Lëtzebuergesch hunn ech bis elo "Schiedel", "Schädel" a "Crâne" fonnt.

Schiedel änneren

https://www.rtl.lu/news/carte-blanche/a/79127.html
"D’Miessung vun der mënschlecher Intelligenz huet am 19. Jorhonnert mat Schiedelmiessungen ugefaangen. Haut gëtt no Intelligenzgene gesicht."
https://www.eldo.lu/aktuell/news/a/120029.html
De Mann vun der demokratescher Spëtzepolitikerin wier beim Abroch mat engem Hummer attackéiert ginn an ass mat engem Schiedelbroch a schwéiere Blessuren an d’Klinick komm.
https://www.eldo.lu/musek/news/a/32587.html
Et weess een just, dass den Thomas Götz momentan op der Intensivstatioun leit an anscheinend en Schiedelbroch huet.
https://guykaiser.lu/neurochirurgie-e-weidert-beispill-vu-sozialisteschem-illusionismus/
Den Detail erspuere mir eis: et dréit sech ëm eng speziell chirurgesch Technik fir de Patient um Schiedel ze operéieren an him en Tumeur erauszehuelen oder eng Bluddung ze fleegen.
https://issuu.com/maisonmoderne/docs/citymag_1012
Als éischt modelléiere mir aus Leem (mat Hëllef vun engem Modell) e Schiedel a setzen dann "Haut an Hoer" vun eisem Neandertaler drop.
https://issuu.com/musenationaldhistoirenaturelle/docs/pw12019kl
Eileschiedel: D'Ae maachen en Drëttel vum Kapp aus.
https://crpp.lu/LU/orthopedesch-kinesitherapie-.php
Dës Torticolisen kënnen eng Feelformatioun vum Schiedel matsechbréngen, Plagiocéphalie.


MEE: dem Luxemburger Wörterbuch no ass "e Schiedel oder Schedel" eng Moosseenheet: Schiedel, Schedel † M.: «Kalkmaß (Hohlmaß), 625 Liter.

Schädel änneren

https://www.rtl.lu/kultur/news/a/697521.html
Un e sëlleche Schädelen, Wueden- a Schinnebeen hunn d'Fuerscher Frakture fonnt, déi mat enger enormer Wucht entstane musse sinn.
https://www.rtl.lu/kultur/news/a/573849.html
De Schädel vum Descartes ass zanter 1821 am franséischen Muséum national d'histoire naturelle zu Paräis.
https://www.rtl.lu/news/national/a/1591.html
Zeienopruff: Eng Tut mat 2 mënschleche Schädele gouf fonnt
Den 23. Januar 2003 goufen op enger Bushaltestell zu Diddeleng-Butschebuerg (Budersberg) an enger Plastikstut zwee mënschlech Schädel (Crânes) fonnt.
https://www.rtl.lu/news/international/a/648664.html
Wat d'Blessuren ugeet, esou wier de Schädel nach intakt gewiescht, ma d'Wirbelsail wier uerg verletzt gewiescht.
https://www.rtl.lu/news/international/a/749193.html
Vun 150 Fäll 2014 op iwwer 2700 Fäll vun uerge Problemer bei der Entwécklung vum "Schädel" bei Bëbeeën am Joer 2015.
https://www.rtl.lu/news/national/a/1482746.html
Den oppene Broch vum Schädel kéint duerch een oder méi Schléi oder e Stoussen zu Bouneweg, respektiv duerch d'Feier a Frankräich verursaacht gi sinn.
https://www.rtl.lu/news/international/a/1044289.html
Bei Minnenaarbechter sinn deemools zoufälleg 2 Schädele fonnt ginn, déi awer zäitlech net ageuerdent konnte ginn.
https://www.rtl.lu/news/international/a/43439.html
Den angebleche Schädel vum Adolf Hitler deen zu Moskau ausgestallt ass, soll vun enger Fra stamen.
https://www.rtl.lu/lifestyle/news/a/882518.html
Den Ament gi weider Tester gemaach fir nozeweisen datt d’Deformatioune vum Schädel och op den Zika Virus zeréck ginn.
https://www.rtl.lu/news/national/a/545385.html
https://www.eldo.lu/aktuell/news/a/5795.html
D’Dokteren hunn e Schädelbroch, massiv Bëssblessuren an e Beebroch disgnositzéiert.


An da gëtt et nach ganz vill Artikelen, déi "Schädel-Hirn-Trauma", "Schädelbasisbroch", "Schädelfraktur" erwänen.

Hierschuel änneren

Am Luxemburger Wörterbuch fënnt een Hierschuel: Hir- / hir- | -schuel F.: «Hirnschale» — wann ech e gesinn, dann haën ech em d'H. duerch (an).
Ech mengen an deem Artikel hei am Tageblatt („Zeeechen“ vum Samuel Hamen a Marc Angel / „Zäit mat Zeilen doutschloen“) ass dee Begrëff och ze fannen, mee en läit hannert enger Paywall.


MEE: Dee Begrëff hunn ech soss néierens gesinn, och nach ni héieren, an am Ufank hat ech gemengt, datt et eppes mat engem huelen Hiersch ze dinn hätt, am planz mat enger Schossel fir d'Gehier.
Et ass net eng Schossel fir d'Gehier, et ass d'Schuel déi ëm d'Gehier ass, d. h. just den ieweschten Deel vum Schiedel. --2A02:A03F:A199:6C00:B8B9:FF7D:B7B4:2850 14:58, 26. Nov. 2023 (UTC)Äntweren
Aahh dat mécht vill méi Sënn. Dann ass dat schonn emol gereegelt.--Bdx (Diskussioun) 15:17, 26. Nov. 2023 (UTC)Äntweren

Crâne änneren

https://www.rtl.lu/news/national/a/545385.html

A keng Akte méi hu vun de Crânë vun de Kanner ënner 15 Joer."

Diskussioun änneren

Wéi sot dir fir dee Begrëff? Ech mengen, datt ech dat Wuert nach ni aktiv am Lëtzebuergesche gebraucht hunn. --Bdx (Diskussioun) 14:46, 26. Nov. 2023 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Schiedel".