Diskussioun:Schellek

Leschte Kommentar: viru(n) 4 Joer vum Otets

Moien,

a merci fir deen intressanten Artikel. Folgendes misst a. m. A. nach preziséiert ginn:

Mer gi gewuer dass"1 lëtzebuergesche Schellek hätt 1874 de Géigewäert gehat vu 57,61 Zantimm."

  1. "Zantimm" wouvunner? Frang? wat fir een?
  2. Wéi laang war en zu Lëtzebuerg am Ëmlaf (wann et en 1874 nach gouf, wat mech wonnert)?
  3. Vü dass d'Herrscherhaiser nawell dacks gewiesselt hunn, wéi verhält e sech 'a Konkurrenz' zu anere Mënzen a Wärungen (Frang, preisesch Mënzen, asw.);
  4. Wat differenzéiert e vum (oder huet e gemeinsam mam) Schilling, wéi e bis zum Euro an Éisträich (a virdru vläit soss nach enzwousch) am Ëmlaf war?
  5. Wéi kommen déi Präisser an Euro(am leschte Kapitel) zustan? D'Quell ass en Text vun 1966. Sinn dat Frange vun deemools einfach duerch 40 dividéiert, oder gouf do och engem halwe Jorhonnert Inflatioun Rechnung gedroen? Wa jo, mat wat fir engem Facteur?

--Zinneke (Diskussioun) 13:23, 7. Okt. 2020 (UTC)Äntweren

"Dës Wäerteenheet bestoung zanter der Aféierung duerch de Keeser Karl V. am Joer 1536[3]".
De Saz mécht sou kee Sënn. --87.65.83.203 13:30, 7. Okt. 2020 (UTC)Äntweren
"1 lëtzebuergesche Schellek hätt 1874 de Géigewäert gehat vu 57,61 Zantimm"
Firwat an ëner waterenger Konditioun hätt e gehat? --87.65.83.203 13:35, 7. Okt. 2020 (UTC)Äntweren

Dat si ganz gutt Froen, zesumme komme mer weider:

  1. Et sinn Zantimm vu Frang. Vu wéi engen, dat muss ee roden. En onbekannten Auteur huet dat am Kirchlicher Anzeiger für die Diözese Luxemburg 1874 mol sou geschriwwen. Am Hémechtsheft Nr 4 vun 1998 gëtt dat kommentarlos sou iwwerholl. Dem Auteur am Kirchlicher Anzeiger seng Sourcë waren de Müller säi "Beiträge zur Kenntniß der Schicksale einheimischer und fremder Münzen im Herzogthum Luxemburg, Trier 1829" an dem Geometer Jean-Baptiste Heuschling seng "Tables de conversion des poids et mesures anciens, usités dans le département des Forêts, Luxembourg 1809". Lo misst een dem Heuschling säi Wierk an der Nationalbibliothéik ausléinen, mee ech déit mengen datt 1820 eng aktualistéiert Versioun erauskoum (Upassung un d'Norméirung duerch den Arrêté royal vum 29. Mäerz 1817, mee den Heuschling gëtt mat kengem Wuert ernimmt) an déi Versioun kann een um Spaweck kucken. Do gesäit een dann (S. 25), datt 1 Steiwer 8,23045267 Zantimm ass, an am Kirchlicher Anzeiger seet 8,230 Zantimm, also just geknäipt. Och 1 Schellek steet an den Tabelle mat 57,613168 Zantimm an am Kirchlicher Anzeiger mat 57,61 Zantimm. Mee mengs de, an deenen Ëmrechungstabelle sténg ëm wéi e Frang et do geet? Ma jëmmen a gewëss déit ech soen, obwuel ech dat ganzt Buch lo net duerchgelies hunn. Fro lo net firwat am Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden net vu Gulde mee vu Frang riets geet, ech weess et net, mee et ass sou, am Kirchlicher Anzeiger steet et kloer an an den Ëmrechnungstabellen do sinn d'Rechebeispiller fir d'Bezuele vu Steieren a Frang an Zantimm, an och d'Échelles de proportion operéiere mat Frang. Nodeems datt ech en zweet Buch mat Tabelle gesinn hunn ([1]) woen ech mech vir a soen et wiere franséisch Frang. De Gulde mat sengen Cent war wuel nach net sou am Suedel datt verschidde Leit net nach hir Steierrechnunge mat franséische Francs gemaach hätten.
  2. Kee seet, de Schellek wier 1874 nach am Ëmlaf gewiescht. Dat beäntwert och der IP hir Fro, de Schellek hätt dee Géigewäert dann ënner der Conditioun datt et en dann nach gi wier, wat awer net méi de Fall war, vu datt mer u Frang an Zantimm schwätzen. Bis winni en am Ëmlaf war weess ech net, d'Huelmeser Rechnunge vu 1764 schaffen nach dermat, ech déit soen d'Fransousen hunn de Schellek 1795 bäi eis ofgeschaaft, mee ech hu keng Source direkt bäi Hänn.
  3. Ech giff soen, de Schellek war virun allem an der Zäit vun de Siwwenzéng Provënzen (ouni Holland du just Südlech Nidderlande genannt) am Ëmlaf, an do gouf et just d'Spuenier an duerno d'Éisträicher. Dat war vum Drëssegjärege Krich ofgesinn keng grouss Zäit vu Wärungskonkurrenz déit ech soen.
  4. Et gëtt wuel iwwerhaapt kee Rapport tëscht eisem Schellek an dem éisträichesche Schilling virum Euro, well deen ass eréischt 1925 do agefouert ginn ([2]). Éisträich hat awer am Spéitmëttelalter och eng Mënz déi Schilling houch, et gouf ënnerscheet tëscht dem kuerze Schilling zu 12 Pfenneg a dem laangen Schilling zu 30 Pfenneg ([3]).
  5. D'Ëmrechnung an Euro jee no Wuer, dat ass eng konterbosseg Saach, ech weess net op se Sënn mécht, mee guer näischt hunn ass och... näischt. Weder goufen d'Frange vun 1809 oder 1820 blannemännches duerch 40,3399 gedeelt, nach gouf eng Inflatioun mat agerechent well den Index ass eréischt 1948 opkomm an 1925 oder sou war eppes an där Zort mee näischt wat bis an d'19. Joerhonnert geet, sou datt dat leider onméiglech war. Eng Idd wier gewiescht, d'Frange un 1809 oder 1820 an Dollar ëmzerechnen an dann d'Dollarinflatioun respektiv -deflatioun ze huele fir déi et Source gëtt, an dann 1948 zréck a Frang ze wiesselen, mee wou geet een e Wiesselcours vun 1809 oder 1820 sichen. D'Quell si Präisser a Stéckzuelen net vun 1966 mee aus der Zäit tëscht 1757 a 1766, aus dem Huelmeser Rechnungsbuch. An da gouf ganz graff gekuckt wéivill sou eng Wuer 2020 kascht, d'Margë komme vu schlechter bis gudder Qualitéit, an natierlech ass dat alles just iwwer den Domm gekuckt. Bei der Fruucht ass d'Rechnung vläit falsch, ech hat den Areler Sieschter an et ass net sécher op deen zu Huelmes gebraucht gouf oder en aneren. Den héije Béierpräis hunn ech géigegecheckt mat enger Frankfurter Salaireslëscht a Präisser fir eng Wunneng, eng Molzecht, en Dag mat enger Kutsch, etc. an dat mécht net an allen mee bäi villem nach am meeschte Sënn. Am Artikel erklären ech, wisou dat Ganzt net als exakt Wëssenschaft ze gesinn ass a kee Mënsch eppes besseres hikritt, et ass dat oder näischt. Wann ee scho relatiiséiert, da misst ee vläit déi sëlleche Beispiller déi ech hat an déi ech zu 5 zesummegfaasst hunn op eng 2-3 weider resuméieren, fir datt nach méi kloer gëtt datt et sech ëm déi allergraffste Schätzung handelt di et gëtt. Oder et ëmgedréit maachen, Frankfurter Salairë (besser wier der un hei ze fannen, mee wéi bäi Leifeegeschaft) géinteniwwerstelle zu de Präisser vun de Wuere 1757 a 1766, sou datt jidderee selwer mat sengem Bauchgefill schätze ka wéi wäit en deemools mat engem Schellek komm wier.

--Otets ♣ 19:42, 7. Okt. 2020 (UTC)Äntweren

Nach eppes zum leschte Punkt. Op der fr-wiki fannen ech, datt 1817 50l Wäin 100 francs kascht hunn. Huele mer mol un, dat war bëllegen Tafelwäin fir den Eegekonsum. Dat wier bäi den haitege Wäinpräisser de Wäert vum Schellek nach am beschte mam Sëlwerpräis erëmginn - wat jo och de Materialwäert war. Mär verdingen also haut wuel vill zevill well Loyer, Béier a Päerd sou deier sinn. --Otets ♣ 20:39, 7. Okt. 2020 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Schellek".