Diskussioun:Revolutionär Sozialistesch Partei (Lëtzebuerg)

Letzter Kommentar: viru(n) 10 Joer von Otets in Abschnitt LCR vs RSP

Kategorie änneren

D'Kategorie "Politesch Parteien" spillt an dësem Fall ausdrécklech net. Am Text geet och net dovu Rieds.--Cornischong 16:14, 18 Oktober 2006 (UTC)

Bei "Déi Lénk" hu mer dee Probleem och Wa mer géifen d'Kategorie a "Politesch Parteien a Gruppen" ëmbenennen? --Zinneke 19:14, 18 Oktober 2006 (UTC)

LCR vs RSP änneren

Musse mer onbedingt d'LCR getrennt vun der RSP an engem Artikel behandelen? Der ru-wiki geet och een Artikel duer, deen iwwert d'RSP. An da wier och kee Problem méi mat der Kategorie "Politesch Parteien". --Otets 16:31, 12. Aug. 2013 (UTC)Äntweren

Ech kenne mech mat kryptokommunistesche Feinheeten net genuch aus, fir ze wëssen, wat den Ënnerscheed tëscht deenen zwéin ass, a firwat den Numm g'ännert gouf. Wann et just eng Raider-Twix-Geschicht war, kann een déi Artikele fusionnéieren (freet sech just zu wat fir enger Appellatioun dann elo). Wa fir déi Numännerung programatesch-ideologesch Grënn do waren, géif ech se ausernee loossen. --Zinneke (Diskussioun) 10:54, 13. Aug. 2013 (UTC)Äntweren
Ech sinn och keen Expert wat déi Parteien ugeet. An der éischter Fassung vun eisem Artikel geet emol vun enger einfacher Nummännerung rieds. Fir d'ru-wiki ass och alles ees, si hunn déi zwee an hirem RSP-Artikel a verlinken op eisen LCR-Artikel (do hat ech dee vum RSP nach net geschriwwen). Ech réckelen dann alt emol, dat schéngt mer a priori hei ubruet. An zur Nout kéint et jo nach réckgängeg gemaach ginn. --Otets 13:54, 19. Aug. 2013 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Revolutionär Sozialistesch Partei (Lëtzebuerg)".