Diskussioun:Réimesch Villa zu Helsem
Leschte Kommentar: viru(n) 13 Joer vum Zinneke
Déi éischt Versioun vun dësem Artikel baséiert op dem Kapitel "Ausgruewungen" vum Artikel Raschpëtzer (Versioun vun haut), deen heihinner kopéiert a liicht ugepasst gouf.--Zinneke 09:03, 6. Sep. 2011 (UTC)
Salut! D'Gruewunge goufe vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, fréier "Staatsmusée", duerchgeféiert. Ee "Geschichtsmusée" (ouni weider Prezisioun) gëtt et net. D'Stad huet ee Geschichtsmusée, deen offiziell "Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg" heescht. Dee Musée ass et bestëmmt net... Also, w.e.g., Nationalmusée fir Geschicht a Konscht! Alles anescht ass ...Kéis! Gutt Nuecht. Fox
- Moie Fox, gutt gesinn; de Link war richteg, just den Numm verfälschend gekierzt. Iwregens: D'Wikipedia ass eng "Matmaach-Enzyklopedie", jiddereen, deen eppe sméi weess, wéi dat, wat do steet, oder deen e Feeler endeckt, ass invitéiert, dat ze änneren (dat geet esou einfach wéi eppes heihinner ze schreiwen). Also: d'nächst Kéier net zécken. Bescht Gréiss, --Zinneke 19:28, 14. Sep. 2011 (UTC)