Diskussioun:Réiden op der Atert

Réiden op der Atert - Réiden un der Atert - Réiden-Atert änneren

Hei ginn et 4 Alternativen fir d Duerf ze ernimmen: Réiden op der Atert (nach nie héieren fir en Stack-Réidener), Réiden un der Atert, Réiden-Atert, oder ganz einfach Réiden.

Wou steht offiziell Réiden OP der Atert? Ech hunn nach nie eppes dovun héieren, opwuel ech hei grouss ginn sinn an meng Famill aus dem Eck ass.

Ech hunn d’Säit bewosst op Réiden-Atert emgestallt, ech hunn mech vun Béiwen-Atert inspiréiert. Thierry Mergen (Diskussioun) 22:04, 5. Jul. 2023 (UTC)Äntweren

Moie Här Mergen, de 'richtege' lëtzebuergeschen Numm fir e Lemma festzeleeën, ass net ëmmer einfach, well et dacks net deen 'ee' gëtt. Mer probéieren dofir hei op der Wikipedia, eis un anere Quellen z'orientéieren, an eis fir konsequent ze bleiwen, dorun ze halen.
Bei "Réiden un/op/Ø der Atert" gouf d'Variant mat "op" zeréckgehalen fir d'Uertschaft zréckgehalen, well déi esou z.B. um Geoportail.lu an am LOD[1],[2] referenzéiert ass.
Fir d'Gemeng ass et effektiv méi komplizéiert, well déi offiziell "Redange/Attert" (an net "Redange-sur-Attert", wéi dat bei "Reckange-sur-Mess" de Fall ass)[3] heescht.
Propos demno: Artikel/Lemma fir d'Uertschaft bleift "Réiden op der Atert" (an der Intro derbeigesat: "dacks just Réiden genannt"); d'Gemeng gëtt op "Gemeng Réiden/Atert" ëmgenannt/geréckelt. Wat mengen déi aner?
--Zinneke (Diskussioun) 08:58, 6. Jul. 2023 (UTC)Äntweren
Als Informatioun: D'Säit gouf geréckelt, well - op Nofro bei der Gemeng - den offiziellen Numm vun der Uertschaft an der Gemeng „Réiden op der Atert“ (Redange-sur-Attert) ass. De Kanton heescht just „Réiden“. :::GilPe (Diskussioun) 13:33, 13. Jul. 2020 (UTC)Äntweren
Merci GilPe, domat ass d'Fro gekläert. Et bleift deemno wéi et ass. --Zinneke (Diskussioun) 09:31, 6. Jul. 2023 (UTC)Äntweren

Referenzen änneren

  1. [1]
  2. [2]
  3. Syvicol.lu
Zréck op d'Säit "Réiden op der Atert".