Diskussioun:Paulette Lenert

Letzter Kommentar: viru(n) 4 Joer von 87.65.83.203

D'Mme P. Lenert ass net Affekot (-> Infobox), och wanns si den Avouésexamen no hirem Affekotestage gemaach huet. Si huet eng Partie Responsabilitéiten an der Justiz ausgeübt, war deemno Magistrat, an si huet vill an der Verwaltung geschafft. Kuerz gesot: si ass Jurist a Politiker.

Léif/Léiwen Onbekannten,
"Paulette Lenert débute sa carrière professionnelle en tant qu'avocat au barreau de Luxembourg en 1992" (Quell: Biographie op gouvernement.lu). GilPe (Diskussioun) 06:55, 26. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren
Dee Schreiwer ass kee léiwen Onbekannten, et ass e Personnage deen déi aner ëmmer wëll beléieren, awer selwer Äppel a Bieren net ka vuneneen ënnerscheeden. Seng léifst Beschäftegung ass ëmmer nees (sou wéi hei) Saachen ze behaapten, Texter op seng Manéier mat falschen Nuancen ze schreiwen, falsch Aussoen ze maachen (wéi am Artikel Daniel Reding) oder am Artikel vum Charles de Gaulle (fir der nëmmen e puer ze nennen), anere Benotzer Spottnimm ze ginn, ze probéiere fir se soss mat hirem Numm lächerlech ze maachen, a fir Saachen ze verdréinen. Ech verstinn net firwat d'Adminne vun dëser Wiki deem seng Spillereien sou laang toleréieren. Ech kann net soe wat ech soss vun him denken soss ginn ech 50 Joer gespaart. --87.65.83.203 15:58, 26. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren

Si tacuisses! No där Logik ass den Äerzbëschof a Kardinol Hollerich och Massendénger, Seminarist, Diakon asw. An de Grand-Duc ass (nach ëmmer) Ierfgroussherzog. An all Proff ass weiderhinn och Stagiär. Firwat net? Gréiss, C.


Zréck op d'Säit "Paulette Lenert".