Diskussioun:Nos cahiers

Letzter Kommentar: viru(n) 14 Joer von Les Meloures in Abschnitt Untitled

Untitled änneren

Gudde moien,

Mir hunn zwar nach keen Artikel, zu dësem Lemma awer Nos cahiers gëtt dacks op der lb:Wiki als Quell ernimmt, an dat an de verschiddenste Formen, sou datt een net wess wéi déi Zäitschrëft dann elo richteg heescht, a wéi se numeréiert ass, eng Kéier steet d'Joer vir, dann erëm hannen, eng Kéier stinn d'Säiten op lëtzebuergesch (s) dann als (p), eng Kéier gëtt Joer mat Treema Joër geschriwwen déi aner Kéier ouni.

Hei hannendrun e puer Beispiller:

  • Nos Cahiers, 1985, am Artikel Laurent Menager
  • Nos cahiers : Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur. - Lëtzebuerg - Joër 23(2002), n° 4, p. 7-30, ill. , an demselchten Artikel
  • Nos cahiers: Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joër 23, Nr. 1, S. 47-55, Lëtzebuerg, 2002 am Artikel Gustave Zanter
  • Nos cahiers : Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur Joër 14 N°3: 67-74. Luxembourg., am Artikel Pit Nicolas
  • Nos cahiers, Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur. Luxembourg, Joër 23(2002), N° 2, p. 243-247, ill. am Artikel Jean-Pierre Beckius
  • nos cahiers, lëtzebuerger zäitschrëft fir kultur, 6. joër, 1985, p.38, p.54. am Artikel Jules Vandievoet
  • Nos Cahiers, Luxembourg, 1997 am Artikel Nelly Lecomte
  • Nos cahiers : Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur 4: 9-27. Luxembourg. am Artikel Joseph Kohnen

Mer kéinten ons vläicht eens ginn fir déi Quell ëmmer op déi selwecht Manéier ze presentéiren, wéinstens wat d'Reifolleg ugeet an d'Schreifweis vu Joer.

Ech kéint an deem Fall eng Schabloun bastelen fir datt et ëmmer eenegermoossen d'selwecht ausgesäit.

Ongeféier op dës Manéier: Nos Cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur   N°1 2004  25. Joer  Säit 1-3

Op déi Manéier wier d'Zäitschrëft anengems all kéiers verlinkt

Merci am Viraus fir är Stellungnahm.

Les Meloures 06:39, 23. Mee 2009 (UTC)Äntweren

Fichier:Nos cahiers.jpg
Ech hun zoufälleg en Exemplar viru mer leien, an dat geseit esou aus:
Vläicht kann dat dir e bësse virun hëllefen.
--Pecalux 12:52, 23. Mee 2009 (UTC)Äntweren


Salut a Merci

Domatter ass emol D'Reifolleg kloer an och déi Saach mat den Tëppelcher um e am Joër.

Ech probéieren am Laf vum Dag emol eng kleng Schabloun ze bastelen, fir datt déi Reiefolleg ëmmer agehale gëtt.

Les Meloures 12:57, 23. Mee 2009 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Nos cahiers".