Jules Vandievoet
De Jules "Juleke" Vandievoet, gebuer 1885 zu Bréissel, a gestuerwen den 13. Oktober 1947 zu Lëtzebuerg, war en Theatermoler am Grand Théâtre de Luxembourg. Hie war de Jong vum Konschtschräiner Jean Vandievoet a vun der Adolphine Nandancée. Dem Jules Vandievoet seng Grousseltere waren de Gabriel Vandievoet, Schräiner vu Beruff, an d'Adelaïs Meyskens, Néiesch vu Beruff.
Jules Vandievoet | |
---|---|
Gebuer |
1885 Schaerbeek |
Gestuerwen |
13. Oktober 1947 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Moler |
Famill | |
Bestuet mat | Hélène Donnen |
Hien huet sech 1904 zu Saint-Gilles (Bréissel) mat der lëtzebuergescher Actrice Hélène Donnen bestuet.
De Jules Vandievoet war de Brudder vum François Vandievoet (gebuer 1870), de Grousspapp vum bekannte belschen Dichter Jacques Vandievoet, genannt Jacques Oriol.
Fir ze liesen
änneren- Guy May: "Castigat ridendo mores. Revue in Luxemburg 1896-1940. Ein Kapitel nationaler Theatergeschichte", in, nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, 6. Joer, 1985, p. 38, p. 54. Do gëtt de Mann Jules van Dievoet oder Juleke van Dievoet genannt.
- Vade-mecum culturel, janvier-mars 1985, Luxembourg, S. 9f.
- Joseph Jacquart: Les vieilles familles de l'agglomération bruxelloise aux 17° et 18° s., Bruxelles, 1946. D'Famill Vandievoet staamt vu Schaerbeek.
- Descendance de Henri Vandievoet et de Jeanne Van Nerom, demeurant à Schaerbeek, in: "L'intermédiaire des généalogistes", Bruxelles, n° 194, année 1978, pp. 174 à 175.
- Estelle van Win: "Famille Vandievoet à Schaerbeek au XVIIIème siècle", in: "L'intermédiaire des généalogistes", n° 195, Bruxelles, année 1978, pp. 255 à 256. Do gëtt de Stammbam vum Jules Vandievoet beschriwwen. Sein ahnen ware do gärtner un bauernke ne XVIII jaarhondert.
- Hinter den Kulissen unsers Stadttheaters, in: "Luxemburger Illustrierte" Nr. 2 vum 14. Januar 1929