Diskussioun:Mutiny on the Bounty (Museksgrupp)

(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Mutiny on the Bounty (Band))
Letzter Kommentar: viru(n) 9 Joer von Les Meloures

"Den neien Album mam Numm Digital Tropics gëtt den 22. Mee 2015 an Europa via Redfield Records an de 26. Mee an England vun hirem neien Label Small Pond Records realiséiert. D'Release Show ass den 17. Abrëll 2015 an der Kufa zu Esch-Uelzecht."

Bei dësen Assoe stëmmt menger Meenung no eppes mat den Datummen net, oder hunn ech eppes net verstanen. Ass vläicht d'Release Show virun der Realisatioun? --Les Meloures (Diskussioun) 09:33, 26. Feb. 2015 (UTC)Äntweren

... an dann hat ech nach ëmmer gemengt, England léich a Groussbritannien a wier en Deel vun Europa.--Zinneke (Diskussioun) 11:11, 26. Feb. 2015 (UTC)Äntweren

Also, Digital Tropics gëtt den 17. Abrëll op CD via Redfield Records an Deaf Rock Records an Europa realiséiert an ab dem 22. Mee op Plack. An England gëtt Digital Tropics vun hirem neien Label Small Pond Records op Cd an Plack eréischt ab dem 26. Mee verëffentlecht. --Irukandji85 (Diskussioun) 10:17, 3. Mäe. 2015 (UTC)Äntweren

Zanter wéini gehéiert England dann net méi zu Europa. --Les Meloures (Diskussioun) 10:25, 3. Mäe. 2015 (UTC)Äntweren

Kee Mënsch sot dat England net zu Europa gehéiert. --Irukandji85 (Diskussioun) 18:06, 3. Mäe. 2015 (UTC)Äntweren

Ma wann England zu Europa gehéiert an d'Plack ass an Europa erauskomm da gehéiert jo England do derzou an da brauch se net nach eng Kéier do erauszekommen. An da wier hei den Aussoen no d'Releaseshow schon ier d'Plack realiséiert ass. Do stëmmt dach eppes net. --Les Meloures (Diskussioun) 18:18, 3. Mäe. 2015 (UTC)Äntweren

Lies den Artikel nengkéier, dann misst de dat verstoen. --Irukandji85 (Diskussioun) 18:27, 3. Mäe. 2015 (UTC)Äntweren
Den Album selwer kënnt den 17. Abrëll op CD an den 22. Mee 2015 op Plack bei Redfield Records (DE) an Deaf Rock Records (FR) eraus. Iwwert hiren neien Label Small Pond Records (UK) gëtt Digital Tropics gleichzäiteg op CD an Plack den 26. Mee 2015 an Groussbritannien verëffentlecht. --Irukandji85 (Diskussioun) 18:29, 3. Mäe. 2015 (UTC)Äntweren


Jo et ass lo kloer, mä e bësselche komplizéiert ausgedréckt fir net vill ze soen. Fir de rescht vun Europa vun England z'ënnerscheeden soll ee europäescht Festland soen dann ass dat vun Ufank u méi kloer.--Les Meloures (Diskussioun) 19:00, 3. Mäe. 2015 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Mutiny on the Bounty (Museksgrupp)".