Diskussioun:Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Lëtzebuerg

Letzter Kommentar: viru(n) 5 Joer von Zinneke in Abschnitt An 2 gespléckt

Untitled änneren

Moien,

Ech schloe vir, d'Lëschte vun der Struktur hier net ze änneren, fir se mat där vum SSMN an Aklang ze halen, soss gëtt dat op laangen Termäin en zimmlechen Duercherneen, net zulescht och, wat d'Konsistenz mat anere Sproochversioune betrëfft (am Ament just déi nl:, mee vläit ginn se iwwersat).

Wann eng Rubrik méi wéi ee Gebai ernimmt, an esou méi Fotoen ënnerzebrénge wären, ginn et 2 Méiglechkeeten:

- en eegenen Artikel, wéi bei der Paschtoueschgaass uleeën, an do d'Fotoen antässelen;

- d'Rubrik dupliquéieren (méngetweegen z.B. "12a" an "12b" nennen), an am Haische "Beschreiwung" uginn, ëm wat fir en Objet/Haus et sech konkret do handelt.

--Zinneke 15:37, 22. Sep. 2011 (UTC)Äntweren

Ok, liicht mer an. Hat halt gemengt et wier fir de Lieser méi iwwersichtlech. --Cayambe 08:46, 23. Sep. 2011 (UTC)Äntweren

Dat hunn ech och esou verstanen gehat. Mee mer musse mat der Lëscht vum SSNM liewe, wéi s'ass. Vläit kommen se do och eng Kéier op d'Iddi, den Objeten eng kloer an eendeiteg Identifikatiounsnummer ze ginn, obskur Parzellen eng méi kloer Beschreiwung ze ginn, an d'Haiser duerch dat international gebräichlecht blo-wäisst Rautenzeechen op der Fassad z'identifizéeren.

Ech hunn emol den Artikel Groussgaass (Stad Lëtzebuerg) e bëssen ausgebaut (un der Presentatiounsform ka gär nach gefeilt ginn; ech si kee gudde Këschtebauert). Dat ka gär geknäipt gi fir soss anzwousch.--Zinneke 09:56, 23. Sep. 2011 (UTC)Äntweren

Niveau ? änneren

Gudden owend,

Ech sinn nach zimmlech nei bei Wiki... wie ka mer soën waat "Niveau" heescht an der Lëscht vun de Nationale Monumenter?? -- GilPe 17:38, 24. Sep. 2011 (UTC)Äntweren

Salut,
Niveau steet dofir a wat fir enger Lëscht (MN – Immeubles et objets classés monuments nationaux oder IS – Immeubles et objets inscrits à l'inventaire supplémentaire) dat respektivt Gebai oder den Objet ageschriwwen ass an op wat fir engem Niveau en also geschützt ass. Ech hoffen dat erklärt dat (dat gouf och versicht mam Text Legend... ënnert dem Tableau z'erklären) --Robby 17:43, 24. Sep. 2011 (UTC)Äntweren

Uups, merci, war net wäit genuch no ënne kucken! GilPe 08:26, 25. Sep. 2011 (UTC)Äntweren

Gebaier vun der fréierer Brauerei Henri Funck änneren

Moien, ass do alles nationaalt Monument oder just dat wat lo de Ponte Vecchio Hotel ass? --Jwh (Diskussioun) 21:07, 27. Aug. 2013 (UTC)Äntweren

Moien och, et ass just dat eent Gebai 271, rue de Neudorf mat der Kadasternummer 90/4057. --MMFE (Diskussioun) 22:52, 27. Aug. 2013 (UTC)Äntweren
Merci, also dat wou den Hotel dran ass. --Jwh (Diskussioun) 23:08, 27. Aug. 2013 (UTC)Äntweren

An 2 gespléckt änneren

Moien, weel d'Lëscht ze laang gi war an "déi maximal Zuel vu Schablounen an enger Säit iwwerschratt" gouf, hunn ech d'Lëscht an 2 gespléckt. --Zinneke (Diskussioun) 13:52, 28. Aug. 2018 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Lëtzebuerg".