Diskussioun:Lëscht vu lëtzebuergesche Schrëftsteller
Letzter Kommentar: viru(n) 8 Joer von Jamcelsus in Abschnitt Net all Auteur ass e Schrëftsteller
Moien,
De Louis Biren ass kee Schrëftsteller.
Net all Auteur ass e Schrëftsteller änneren
D'Definitioun vum Schrëftsteller ass laut dem däitsche Wiktionary : Person, die im Verfassen eigener literarischer Texte ihren beruflichen Schwerpunkt setzt [1]. Ob d'Schreiwe wierklech de beruffleche Schwéierpunkt muss duerstellen, doriwwer léisst sech hei zu Lëtzebuerg diskutéieren, datt den Text literaresch muss sinn, doriwwer awer net.
En Auteur vu engem sougenannte Sachbuch ass also kee Schrëftsteller. An der Lëscht vu lëtzebuergesche Schrëftsteller wimmelt et awer vun esou Leit, beim Buschtaf «A» z.B: Willy Allamano, Georges Als, Vincent Artuso. Do miisst besser opgepasst ginn.--Jamcelsus (Diskussioun) 14:40, 19. Jun. 2015 (UTC)