Diskussioun:Jos Hoffmann (Cabaretsbedreiwer)

Letzter Kommentar: viru(n) 7 Joer von Otets in Abschnitt Spëtznumm

Spëtznumm änneren

Selwer ernannte "Kinnek vum Nuetsliewen" - wéi relevant ass dat? --Zinneke (Diskussioun) 09:58, 25. Mee 2016 (UTC)Äntweren

E war eben dodrënner bekannt beim Vollek. Da weess jidderee wat gemengt ass an et muss een net laang rekonstruéiere wéi vill Cabareten e bedriwwen huet, wat dat war, etc. etc. Ech hat keng Loscht deem Stonnen ze widmen, den Artikel ass bis ewell just eng Skizz, et kann ee gär nach bäiflécken, an dee Moment ass deen Titel da vläit net méi onbedingt relevant (obwuel: beim Willi Bartels steet an der de-wiki och "König von St. Pauli" derbäi, beim Heinrich Schäfer ass et "Schäfers Nas", etc.). --Otets 13:23, 25. Mee 2016 (UTC)Äntweren

Meng Fro war net de Fantasietitel u sech, mee - kuckt meng Läschpropose - a wéiwäit e Puffbedreiwer en enzyklopeschen Artikel 'verdéngt' hätt. An anere wierder: Geet et duer "bekannt beim Vollek" (ween ass dat?) (gewiescht) ze sinn, fir en Artikel ze justifiéieren? --Zinneke (Diskussioun) 13:55, 25. Mee 2016 (UTC)Äntweren
De Mann war a sengem Liewen net nëmme Wiert a Cabarettier hien huet och laang zu Diddeleng op der Schmelz gschafft. --Les Meloures (Diskussioun) 13:37, 25. Mee 2016 (UTC)Äntweren
Wann een op der de-wiki no Beispiller sicht, da geet et duer bekannt ze sinn, wi z.B. d'Wäscherin Henriette Lustig, den Zirkuskënschtler Adolf Rautmann oder den Zirkuskënschtler Emil Riemer. --Otets 15:20, 26. Mee 2016 (UTC)Äntweren
Trotzdeem nach e Wuert zum Fantasietitel: och deen ass sou bekannt datt souguer de Paperjam en ophëlt. --Otets 15:29, 26. Mee 2016 (UTC)Äntweren

Alter änneren

A verschiddenen Zeitunge steet, e wier 82 Joer al ginn, an aneren 81 Joer. Wat ass lo wouer? --Otets 13:25, 25. Mee 2016 (UTC)Äntweren

En ass vläicht an der Nuecht vu sengem 81. op dat 82. gestuerwen, sou datt se sech net eens ginn.   --Les Meloures (Diskussioun) 13:37, 25. Mee 2016 (UTC)Äntweren
An der Doudesannonce am LW vun haut steet 82 Joer.--MMFE (Diskussioun) 14:17, 25. Mee 2016 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Jos Hoffmann (Cabaretsbedreiwer)".