Diskussioun:Harnblos
Leschte Kommentar: virun 1 Joer vum Bdx am Sujet Lemma
Lemma
ännerenNet sécher, wéi een d'"Blos" nenne soll. Ech géif dee verlëtzebuergeschten däitsche Begrëff "Harnblos" gebrauchen. "Pissblos" a "Seecheblos" schéngen ze vulgär. "Urinblos" géif eventuell goen, mee dat hunn ech och nach ni héieren. De franséische Begrëff "Vessie" kléngt och komesch am Lëtzebuergeschen. Meenung? Kennt een e lëtzebuergeschen Urolog, fir ze Froen, wat eng gängeg Praxis ass? --Bdx (Diskussioun) 10:32, 1. Dez. 2023 (UTC)
- Mëtteg,
- Harnblos ass fir mech eng gutt Léisung… Den LOD kennt zwar d'Harnblos net, dofir awer Harnsaier an Harnleiter… Esou falsch kann d'Harnblos also net sinn. GilPe (Diskussioun) 17:25, 1. Dez. 2023 (UTC)
- Wann et dem LOD nogeet dann heescht se einfach Blos. Firwat soll d'Wikipedia en anert Wuert erfannen. --2A02:A03F:A199:6C00:180F:242C:B01A:DCAF 17:31, 1. Dez. 2023 (UTC)
- Merci, GilPe fir d Feedback. An zu der anerer Bemierkung: et gëtt ebe méi wéi just eng Blos am Kierper. "Blos" eleng ass jo och schonn am Artikel genannt. --Bdx (Diskussioun) 12:09, 4. Dez. 2023 (UTC)