Diskussioun:Gare Ettelbréck

Letzter Kommentar: viru(n) 3 Joer von Zinneke in Abschnitt Quaien

Moien,

Hei gouf an der Lescht e puermol un de Quaien an un de Gleiser gefréckelt. Et schéngt wéi wann trotzdeem nach munneches net géif stëmmen. Et wier flott wann eng Kéier een dat kéint seriös nokucken. --Les Meloures (Diskussioun) 15:41, 14. Jun. 2013 (UTC)Äntweren

Quaien änneren

(Vum Benotzer:Zinneke senger Diskussiounssäit de 14.11.2020 heihigeréckelt)

Gudde Moien,

Wéini ass den drëtte Quai bägebaut ginn. Sécher iwwer Nuecht well gëschter waren et der nach zwéin. --Les Meloures (Diskussioun) 09:34, 12. Nov. 2020 (UTC)Äntweren

Moien, Ech ka just dat schreiwen, wat ech gelies hunn, ech war net do. Wann RTL falsch läit, da verbesser w.e.gl.--Zinneke (Diskussioun) 12:38, 12. Nov. 2020 (UTC)Äntweren
Et kéint jo awer gutt sinn datt RTL net wees wat e Quai ass. :-) --Les Meloures (Diskussioun) 12:54, 12. Nov. 2020 (UTC)Äntweren
Hues de duerch Zoufall e Link op RTL säi Geschreifs. --Les Meloures (Diskussioun) 13:22, 12. Nov. 2020 (UTC)Äntweren
Méi wéi d'Referenz kann ech net bidden, an déi steet do... --Zinneke (Diskussioun) 12:32, 14. Nov. 2020 (UTC)Äntweren
Hei ass d'Dokument op dat mir ons ë. a. baséieren: Réseau Ferré Luxembourgeois Document de Référence du Réseau 2020 Version 2.0
Resalut, ech gesinn elo datt den CFL och vun engem Quai III schwätzt. Ech si mar nach eng Kéier am Ettelbrécker Eck a gi mer dat mol nach eng Kéier ukucken. Hat gëschter vläicht net genee genuch geluusst, Et war och scho géint der Nuecht. Eng gutt Geleeënheet fir dat méi genee ze gesinn an och ze fotograféieren. --Les Meloures (Diskussioun) 14:10, 12. Nov. 2020 (UTC)Äntweren
Remoien, ech hat effektiv déi Konstruktiounen kanner de Schantjeesdicher net bemierkt. Do ass effektif e laange fonkelneie gedeckte Quai bäikomm. Et war mer awer zevill Traffic an och zevill Leit do fir datt ech mer dat mam Rullweenche konnt ordentlech an aller Rou ukucke goen. Do huet awer sou munnches geännert an eise ganzen Artikel misst iwwerschafft ginn, well lo verschiddenes guer net méi stëmmt wéi z. B och Gleiszuel. --Les Meloures (Diskussioun) 19:09, 13. Nov. 2020 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Gare Ettelbréck".