Diskussioun:Déifferdeng

Leschte Kommentar: viru(n) 9 Joer vum 158.169.40.5 am Sujet Numm Déifferdeng a seng Variatiounen

Foussbann

änneren

Gehéiert Déifferdeng-Foussbann zur UERTSCHAFT Déifferdeng? Um Site vun der Gemeng steet d'Awunnwerzuel vu Foussbann (5.638) getrennt do. http://www.differdange.lu/sujet/sujet.asp?sub=2,241

Fliedermaus 16:13, 8 Juni 2006 (UTC)

Foussbann ass eng eegen Uertschaft. Ech well zwar lo keng Garantie drop ginn. Well et gett do zum Bläisteft keen Uertschaftagangsscheld mat FOUSSBANN drop. Ech war do an der Primärschoul, an op Zensueren an sou steet als Uertschaft bei mier och Foussbann. Wann et e Quartier sollt sinn, wier et awer (geografesch gesinn)éischter en Uewerkuerer wéi en Déifferdenger Quartier. Mengen, entgülteg secherheet kréien mer och nemmen duerch en Uruff op d'Gemeng X_X --JimHawk 19:42, 8 Juni 2006 (UTC)

Gudden Owend. Hei ass D' "Nomenclature des localités du Grand-Duché de Luxembourg" (déi "offiziell"!) ze fannen ( http://www.legilux.public.lu/adm/annuaire_officiel/VOLUME1/III_annx/Nomlocal.pdf ) an erofzelueden. Do ass de "Fousbann" als Uertschaft vun der Gemeng Déifferdeng ze gesinn. Onglécklecherweis sinn an dem neien "Annuaire 2006" vun der Syvicol net all Uetschaften uewen ënner dem Gemengennumm opgelëscht! Deeselwechte Problem ass mat der Gemeng Biekerech a "Läitreng" (Leitrange). An dat wäert sécher net alles sinn. --Cornischong 20:58, 8 Juni 2006 (UTC)

"Fond-de-Gras (deelweis)": Do kéinte mer eis awer eng Erklärung leeschten, watfir Deeler zu wat gehéieren. Merci. --Cornischong 07:26, 11 August 2007 (UTC)

Gudde Moien,
E Bléck op den Artikel Fond-de-Gras hëlleft do weider Les Meloures 08:26, 11 August 2007 (UTC)

Moien

Op der Homepage vun Déifferdeng an och am daitschen Wikipedia gëtt Déifferdeng als déi drëttgréisst Stad vu Lëtzebuerg uginn. Ech sinn der Meenung dass dat falsch ass. Déifferdeng ass wuel déi drëttgréisst Gemeng aus dem Land mat den Uertschaften Nidderkuer, Uewerkuer, Fousbann an Lasauvage, awer fir mech ass Diddeleng déi drëttgréisst Stad vum Land, well se nëmmen aus der Uertschaft Diddeleng besteet. Wéi gesinn d'Wikipedianer dat?

Steve

An de Vesquenhaff net ze vergiessen.


Moien,

Dat do ass eng komplizéiert Situatioun. An deem Fall wier Lëtzebuerg vläicht déi kléngste Stad am Land, well do besteet d'Gemeng Lëtzebuerg aus den Uertschaften:

Bambësch, Beggen, Belair, Bouneweg, Zens, Zéisseng, Clausen, Dummeldeng, Duderhaff, Eech, Fetschebur, Fetschenhaff, Gaasperech, Gérardshaff, Gronn, Hamm, Hollerich, Kalkesbrück, Kierchbierg, Kockelscheier, Kriepsgrëndchen, Koubierg, Lampertsbierg, Lëtzebuerg, Mäerel, Millebaach, Neiduerf, Pafendall, Polfermillen, Reckendall, Rollengergronn, Scheedgronn, Scheedhaff, Schläifmillen, Siweburen, Tubishaff, Val-St-André, Kräizgrëndchen, Verluerekascht, Weimeschhaff, a Weimeschkierch. Les Meloures 13:03, 25. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Salut,

Déi Diskussioun huet u sech net direkt ëppes mam Artikel an der lb-Wikipedia ze dinn.

Fir awer op d'Fro anzegoen. Zu Lëtzebuerg ass "Stad" en Titel deen eng Gemeng (déi aus enger eenzeger oder méi Uertschafte besteet) duerch Gesetz kritt. Déi 12 Stied vu Lëtzebuerg stinn am Artikel 1 vum lëtzebergesche Gemengegesetz: La dénomination de ville est attribuée par la loi. Elle est conservée aux communes de Luxembourg, Diekirch, Differdange, Dudelange, Echternach, Esch-sur-Alzette, Ettelbruck, Grevenmacher, Remich, Rumelange, Vianden et Wiltz. Zu Lëtzebuerg huet also Stad net d'Bedéitung vun enger Uertschaft mat enger gréisserer Awunnerzuel.

Wann "drëttgrésst" sech op d'Awunnerzuel bezitt ass Déifferdéng déi drëttgréisste Stad vu Lëtzebuerg. Mat Stad ass also an dësem Fall eng Gemeng mam Titel "Stad" gemengt.--Fliedermaus 13:47, 25. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

De Begrëff "Stad Lëtzebuerg" (Ville de Luxembourg) bezitt sech op de ganzen Territoire vun der Gemeng Lëtzebeurg.--Fliedermaus 14:07, 25. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Deifferdang

änneren

Sou weit ech wees as et Deifferdang an net Deifferdeng, keint een rouesch verbesseren

Numm Déifferdeng a seng Variatiounen

änneren

Es gibt noch follgende Möglichkeit (bitte prüfen und eventuell auf Luxemburgisch einfügen, was ich leider nur sehr schlecht schreiben kann):

Differdingen, Déifferdeng, von keltisch *degwi = Flamme, brennen, lodern, etc. plus *uer = sehr viel, über. Also "degwi-uer", sehr viele Flammen/brennen = sehr viel Eisen schmelzen. Die Kelten kannten die Buchstaben v und w noch nicht. Deshalb müßte man korrekt "degwiver" schreiben, also vor etwa 2.000 Jahren. Später wurde dann noch das fränkischen -ingen anhängt.

Die keltische Wurzel ist sehr gut möglich, denn der Titelberg, Teitebierg (keltischer Oppidum) leitet sich her von *teddi , tessi = Feuer, Wärme. Wegen den Feuern/Wärme in den Rennöfen, in welchen das Erz (Minette) geschmolzen wurde. Man bedenke, das man in keltischer und gallorömischen Zeit, die Feuer/Flammen aus den Rennöfen des Nachts weit leuchten sah. Bei archäologischen Ausgrabungen auf dem Titelberg wurden Gräben mit großen Mengen an Rinderknochen (aus der gallorömischen Zeit) gefunden. Hier befand sich eventuell der Schlachthof um die Arbeiter in der Eisenindustrie mit Fleisch zu versorgen.

Danke, wo kann man diese Theorie nachprüfen?--158.169.40.5 11:02, 30. Nov. 2015 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Déifferdeng".