Diskussioun:Adolf von Baeyer

Letzter Kommentar: viru(n) 11 Joer von Les Meloures in Abschnitt Untitled

Untitled änneren

Ech hunn keng Loscht Saachen ze formatéieren wann ee "Held" einfach duerno läscht zemols wann de Projet Cortina mer Fehler raushellt... wann den "Held" dann weinstens ee bessere Hellëf géif schréiwen fir richteg ons Sprooch ze benotzen.

Desweideren maachen ech drop opmirksam daat wann et keen Wuert an onser Sprooch fir eppes get, bsp cheemesch Begreffer dann ginn se aus enger Friemsprooch geholl an doraus sou geschriff wei do laut de Regelen an daat kann den "Held" mol zur Kenntniss huelen am Plaatz den anneren Leit hier Aarbesch ze löschen well hee ze Faul ass seng richteg ze maan.


Moien,
Bis elo goufen en etlech Artikelen déi Dir ugeluecht hutt verbessert an a Form gesat. Dir hutt anscheinend net wëlles Iech e bësselchen unzepassen an Är Feeler widderhuele sech. Déi aner Mataarbechter sinn net d'Botzfraen hei. Et geet och guer net ëm technesch Wierder hei, et geet ëm den Opbau vum Artikel a Wikiform, an ëm déi korrekt lëtzebuergesch Schreifweis, ëm onvolstänneg Sätz a.s.w. De Cortina ass en iwwerlieft Instrument.
Et geet en dervu aus datt e Mënsch deen hei eppes op d'Blat wëll bréngen e Minimum vu Lëtzebuergesch korrekt schreiwe kann. Aus Erfarung op anere Wikien, kann ech Iech just soen, datt wann esou vill Feeler opdauchen och do carrément geläscht gëtt.
Kuckt Iech emol Pesounenartikelen un, da fannt Dir vläicht eraus wéi déi sollen ugefaange ginn. Fir dat eenergermoosse korrekt ze maachen, brauch ee guer keen Held ze sinn.
--Les Meloures (Diskussioun) 09:22, 4. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

Salut Glucius,

Op der däitscher Wikipedia ass en hëllefräicht Tutorial fir Biographien ze schreiwen: http://de.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Formatvorlage_Biografie

Mat der lëtzebuergescher Sprooch huet soumuncheree Problemer, op dëser Säit steet wéi ee korrekt Lëtzebuergescht schreiwt: http://lb.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Eis_Schreifweis -- 213.31.217.84 09:37, 4. Jul. 2012 (UTC)Äntweren


Salut IP-Address,

Ech hun dei Letzebuergesch Versioun dei ech zenter den eischten verbesserten (vum Les Melours) Biographien benotzt (dann sinn dei Deitsch Thermen jo och richteg iwwersaat), wor awer anscheinend och net gudd genuch dofir ee Punkt vu menger Kritik.

bei dem Artikel iwwer richteg schréiwe Do steet och nach emmer net op et Chemie oder Chimie as bzw wei ech den acide perbenzoïque soll iwwersetzen. ajo iwwergens den Cortina seet Synthese an net Synthes (ass awer vun verschieddene Leit hei verbessert ginn a steet sou am Luxdic.com) waat soll ee dann lo do maan.


Remoien,

Wann onveständlech Sätz déi an de vestoppten Text gesat goufen nees liesbar gemaach ginn, verbessert dat natierlech d'Qualitéit vum Artikel net ëm dräi Su.

Wann den Haatpartikel Chimie heescht, wäert dat wuel de richtegen Audrock sinn, besonnesch wann nach e Puer Dictionnairen (DLW, DFL, a.s.w.) der selwechter Meenung sinn.

D'Missioun vun den anere Mataarbechter (déi och nëmme fräiwelleg do sinn) ass net fir Iech Lëtzebuergesch bäizebrengen --Les Meloures (Diskussioun) 10:56, 4. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

PS: Wat d'Synthes ugeet sou ass et dommerweis datt d'Schreifweise vun den Dictionnairen net all der selwechter Meenung sinn. Den DFL seet grad ewéi de Luxdico Synthes. Vu wéini ass déi lescht Revisioun am Cortina. Vläicht gëtt do en update gebraucht. --Les Meloures (Diskussioun) 11:32, 4. Jul. 2012 (UTC)Äntweren


@ Ech hunn keng Loscht Saachen ze formatéieren wann ee "Held" einfach duerno läscht zemols wann de Projet Cortina mer Fehler raushellt...
Hei ënnendrënner steet emol den Text aus deem de Cortina jo dann anscheinend d'Feeler erausgeholl huet. Ech hunn deen Text emol an de Cortina aginn. Dee weist do op d'mannst 17 Feeler un. Ech hunn déi emol a Fettdrock hei drënner uginn. Firwat goufen déi dann net verbessert. Oder solle mer mat esou bëllege Behaaptungen einfach fir domm verkaaft ginn?


Als Jong vun engem preiseschen Generol wor heen Schüler vum Bunsen a vum Kekulé. Hee wor Professor op der Stroossbuerger Uni ab 1872 bis 1875 wou hee München gewieselt ass an do dem Liebig sein Nofolger gin ass.1905 kruet hee de Nobelpräis an der Chimie.

De Baeyer de meeschtens alles a Versuchsglässer' probéiert huet as bekannt ginn duerch Synthese vu Farfstoffen wei de Phtaleine (phénolphtaléine, fluorescéine), den Anthraquinone (alizarine), dem Indigo, dem Isatine, de Rhodamine. Seng zahlreich wëssenschaftlech Erfolleger hunn d'Land zwar Industriel nofier bruecht, dëst huet him awer net zu Räichtum gefouert. Am Joer 1899 hun de Bayer a sein "Privatassistent" de Victor Villiger entdéckt daat een Oxydant, dee sein Landsmann den Heinrich Caro et remeiglecht eng Cetone sech an ester emwandelt: Beim Oxydant handelt et sech em de Caroréactif De Baeyer an de Villiger hunn och déi éischten "acide percaboxylique" préparéiert, den acide perbenzoïque.

-- Les Meloures (Diskussioun) 11:52, 4. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

Den Luxdico as leider och der Meenung Chemie richteg wier an natirlech steet do och Chemiker an Chimiker get et net, komesch mee bon den "Held" mat souviel Zeit dei net verbessert versioun nozekucken dei ech rem online gesaat hunn an dunn no a no verbessert hunn. mee bon wann ee souviel Zeit huet dann dierf ee sech net opregen iwwer Leit dei leiwer de Letzebuerger Wikipedia mat Wessen felle.


De Luxdico ass niewebäi gesot eventuell eng kleng Hëllef awer keng Referenz. Chimiker stoung leider eemol falsch op der Wiki a gouf verbessert, an dat ass och keen Argument fir all déi aner Feeler z'entschëllegen. A wat gouf de vun Iech no an no verbessert. Ech ka kee groussen Ënnerscheed an de Versiounshistorike feststellen. Deen eenzegen deen an deem Artikel substantiell verbessert an um Opbau gehollef huet war d'IP 213.31.217.84. An elo geet hei duer mat Gesabbels iwwer Helden déi näischt anescht maachen wéi e bësselchen op d'Schreifweis opzepassen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:47, 4. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

Et muss ee net alles op sech setzen lossen dofir hei kuerz Zeit fir Saachen rauszehuelen:

versuchsglässer, Zahlreich nofiere etc get keng alternativ am cortina brucht ginn. mee bon wei gesoot gesabbels iwwer Schreifweis ass jo net problem saache löschen an saache behaapten iwwer anner Fraiwelleger as net dei fein methode zemols net wann ee jo bestemmt nemmen alles gudd mengt.


Esou einfach ass et. De Cortina huet keng Alternativ an da loosse mer de Kabes stoen. Dann nach just eng lescht Informatioun éier mer d'Spillschoul fir haut zoumaachen . D'Wikipedie stellt sech als eng Enzyklopedie duer. Do geet et net duer einfach eppes hinzeschreiwe well een et gutt mengt, an dann unhëllt datt en aneren deen et besser mengt alles verbessert. E Minimum vu korrekter Schreifweis ass erfuerdert, grad esou wéi a wëssenschaftlechen Artikelen e Minimum vu korrekter wëssenschaftlecher Informatioun. Fir Persounenartikelen hu mer e Standartsaz am Ufank stoen an deem déi relevant Informatiounen zesummegefaasst sinn. Ass dat esou schwéier dat nozevollzéien oder einfach ze knäipen???? A wa mer kee Lëtzebuergesch ouni Cortina kënnen, da loosse mer am beschten d'Fangeren dervun. Probéiert emol esou ee Gedeessems an enger aner Wiki opzeféieren, do gitt der séier gewuer wou de Bock d'Lach huet. --Les Meloures (Diskussioun) 13:23, 4. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

Ech war zwar well lang net mei aktiv mee ech ginn dovunner aus daat meng Chimieartikelen nach emmer op .fr an .de stin vlait mettlerweil ergänzt mee während de puer Joer wou ech do aktiv wor haat ech kee club mickey maus wei hei mat engem dee nix besser den Dag ze dinn huet wei eng kannerech diskussioun ze feiere am plaatz wann heen sou gudd ass dei zahlreich hellefe dei ons sprooch brauch à jour zesetzen. dann kriet heen och hei direkt manner ze dinn an all mensch as glecklech. An ausserdem "e Standartsaz am Ufank stoen an deem déi relevant Informatiounen zesummegefaasst sinn" daat ech net laachen do haat dach ee d'info wechgemeet daat den Baeyer een Nobel krout... naja wor dem wuel net essentiel genuch... ech ameséiere mech net nozekucken ween daat wor et ass naemlech kannerprogramm an dréit kee su dozubai, besser a mei artikelen op wiki.lu ze kréie. wann ee net mat leit emgoe kann dann leist een et am beschten sinn.

___

An ausserdem "e Standartsaz am Ufank stoen an deem déi relevant Informatiounen zesummegefaasst sinn" daat ech net laachen do haat dach ee d'info wechgemeet daat den Baeyer een Nobel krout... naja wor dem wuel net essentiel genuch
Déi Behaaptung stëmmt dach einfach net. Déi Info gouf guer net ewechgeholl.
Dat hei ass am Artikel zeliesen: Hie war vun 1872 bis 1875 Professer op der Stroossbuerger Uni éier hien op München gewiesselt ass an do dem Justus von Liebig säin Nofolger gouf. 1905 krut hien den Nobelpräis an der Chimie.
Et wier deemno besser esou topeg a falsch Behaaptungen ënnerwee ze loossen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:12, 4. Jul. 2012

Laut aeren eegenee Wierder an ech maan eech nach souguer fett waat mir do wichteg ass: "e Standartsaz am Ufank stoen an deem déi relevant Informatiounen zesummegefaasst sinn" also net matzen am artikel ... et as absolut net wichteg daat heen ADLEG ginn ass mee eischter daat heen ee NOBELPRAIS kruet an der Chimie ! ech fannen souguer als een deen absolut perfekt emmer alles richteg schreift misst daat souguer eech kloer sinn an dofir wier ech ganz frou wann dir mir keng sou eng saachen géift ennerstellen dei absolut richteg sinn.


Dann eeben nach mat supplementaren Erklärungen, vläicht gëtt et da méi infach:
Am éischte Saz soll den Numm (eventuell mat de Bäinimm a.s.w) opgefouert sinn, dann duerno, wou a wéini déi Persoun gebuer a gestuerwen ass an hannendru de Beruff deen se hat. Am Fall vum Nobelpräis oder aner Éierungen a Verdéngschter sollen déi an engem separte Kapitel opgefouert ginn. An dësem Fall steet eppes iwwer den Adelstitel direkt hannendrun, wat ganz akzeptabel ass well et eng direkt Erklärung ass wéi de von an den Numm koum. Dat huet guer näischt dermatter ze dinn datt den Nobelpräis manner wichteg wier.
Et goufe bis elo en etlech dausend Persounenartikelen no deem Schema ugeluecht, an duerfir froen ech mech firwat datt op eemol nees muss aus der Rei gedanzt ginn. Ass dat anert ze einfach?? --Les Meloures (Diskussioun) 18:00, 4. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

Daat mecht et effektif mei kloer wei et erwenscht ass, obschons wann ee Schwestersiten kuckt: http://de.wikipedia.org/wiki/Adolf_von_Baeyer http://fr.wikipedia.org/wiki/Adolf_von_Baeyer http://en.wikipedia.org/wiki/Baeyer do net kloer ze sinn wei d'wikicommunity de standart setzt och parrapport zu eis. (emmerhin 3mol verschiedden informatiounen am 1 Saatz) Dofir eng Fro: wor daat lo just Aer meenung oder dei vun de letz. comunity ?


Ech perséinlech fannen dei Fr versioun vum eischte Saatz am beschten (wir a mengen aan och en plein accord mat aerem eischten Satz) et get ee gudden iwwerbleck iwwert de Baeyer.

P.S. Indigo ==> ass Jeansblo

Kaliumperoxosulfat oder Kaliumperoxodisulfat änneren

Moien,

Onse Chimist hat déi Saach Caroreactif gedeeft, an déi heite Formel uginn: De Caroreactif ass KHSO5 oder och KO-SO2-OOH. Mat där Formel hunn ech Kaliumperoxosulfat fonnt. De Kaliumperoxodisulfat hätt déi heite Formel K2S2O8. Wat stëmmt elo.?? --Les Meloures (Diskussioun) 14:49, 4. Jul. 2012 (UTC)Äntweren


Re: Den Numm fir KHSO5 misst monopersulfate de potassium sinn an steet als "réactif de Caro". Quelle: Les Chimistes de A à Z, ISBN 2-7298-0932-5 , Auteur. Prof. Eric Brown vun der Uni Maine, 2002,

ech hunn aus dem grond vun der Ongeweinlegkeet och 2 Formelen derbei geschrief an 2 Versioune dei am Buch uginn sinn. Ech hunn awer och kee Problem eng Zeechnung vun der Molekül ze mole falls daat hei erwenscht ass. Ech haat just gemengt daat et net d'Plaatz ass fir et ennerzebrenge.

Et huet mer richteg gesinn ze sinn well d'saier als basis kann geholl ginn

http://fr.wikipedia.org/wiki/Acide_de_Caro

De Reaktif as dann mat follgender Reaktioun hiergestallt ginn:


H2SO5 + KOH --> KHSO5 + H2O

Merci fir d'Nofro.

glucius 15:10, 4. Jul. 2012 (UTC)


Da kann een dervun ausgoen dat déi Verbesserung op Kaliumperoxodisulfat falsch ass. ?? --Les Meloures (Diskussioun) 15:21, 4. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

Jops sorry do hunn ech wuel net op d'Fro geaentwert. Di steet fir 2 an daat ass awer hei net Fall. glucius 15:24, 4. Jul. 2012 (UTC)

Sorry dass ech do eng Ännerung gemaach hat, ouni gudd genug ze iwwerpréifen op et stëmmt. Den Disulfat ass mer dee Moment méi warscheinlech virkomm. --MMFE (Diskussioun) 16:36, 4. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

acides percarboxyliques änneren

Fro:

Wat soll dat sinn --den éischte vun der Famille---

Antwert:

Daat ass eng Famille vun Substanze mat der Formule générale R-CO-OOH wou R fir ee Rescht steet, daat sinn der domadden onendlech viel. Bsp R kann CH3-, CH3-CH2, CH3-CH2-CH2-, etc... (do kommen och nach Ramificatiounen derbei, alcènes, alcynes etc.)

Ass dann den (acide perbenzoïque) Peroxybenzoesaier den éischten aus där Famill deen entdeckt gouf, oder deen deen an der cheemescher Hierarchie den éischten an der Rei ass. --Les Meloures (Diskussioun) 16:43, 4. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

Nee et ass den eischten deen gemeet gouf.

glucius 17:23, 4. Jul. 2012 (UTC)

Zréck op d'Säit "Adolf von Baeyer".