Den Harmony (englesch fir Harmonie) ass no Unity, den zweete Kopplungsmodul (fréier Node 2 genannt) vun der Internationaler Raumstatioun (ISS). Den 8. Februar 2010 ass mam Tranquility nach en drëtten Deel derbäikomm.

Harmony
De Modul Harmony
Typ ISS - Modul
Land  USA
Agentur NASA an ESA
Mass 14,5 t
Volumen zirka 75,5 m³
Längt 7,2 m.
Duerchmiesser 4,4 m.
Start 23. Oktober 2007
Startplaz
Drorakéit
Status aktiv

Den Harmony ass 6,71 m laang, huet en Duerchmiesser vu 4,48 m an eng Startmass vu 14,5 t. De Volumen ass zirka 75,5 m³. De Modul huet iwwer aacht Racks, déi fir de Ravitaillement vun der Statioun mat Loft, Elektrizitéit a Waasser déngen, souwéi aner liewensnoutwendeg Systemer enthalen.

Den Harmony kontrolléiert a verdeelt d'Ressource vun der Drostruktur a vum US-Laboratoire Destiny zu de verbonnene Segmenter; dem europäesche Columbus-Laboratoire, dem Centrifuge Accommodations Module (no jéngste Pläng gestrach), dem Kopplungsadapter PMA-2, dem japanesche Wëssenschaftsmodul Kibō, dem Méizweck-Logistikmodul an dem HTV-Transportgefier. Zudeem ass et den Ausgangspunkt fir den ISS Remote Manipulator System.

Den Harmony montéiert um Destiny-Modul 2007, nach ouni d'Moduler Kibo a Columbus

De Modul gehéiert zum US-amerikaneschen Deel vun der Statioun a gouf vun Alenia Spazio (Italien) am Optrag vun der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA) an der Agenzia Spaziale Italiana fir d'NASA gebaut. Déi transportéiert dofir am Géigenzuch de Raumlaboratoire Columbus op d'ISS.

Den Harmony gouf mat engem Airbus Beluga vun Turin an d'USA geflunn a koum den 1. Juni 2003 um Kennedy Space Center un. Den 18. Juni war déi offiziell Liwerung un d'NASA. De Modul gouf den 23. Oktober 2007 mat der Space-Shuttle-Missioun STS-120 op d'ISS geschéckt a gouf dräi Deeg méi spéit virleefeg un d'Unity montéiert. Op senger definitiver Plaz gouf de Modul de 14. November 2007 um Destiny Labor festgemaach.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Harmony – Biller, Videoen oder Audiodateien