Den Denis duc de Decrès, gebuer den 22. Juni 1761 zu Châteauvillain an der Haute-Marne, a gestuerwen de 7. Dezember 1820 zu Paräis war e franséischen Admirol, Préfet maritime, Marin d'Empire a Krichsminister.

Denis Decrès
Gebuer 18. Juni 1761
Chaumont
Gestuerwen 7. Dezember 1820
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, Militär

Als Konteradmirol hat hien d'Arrière-garde vun der Flott bei der Séischluecht bei Abukir gemaach, konnt op Malta entkommen an huet sech awer do am Juli 1798 missen den Englänner erginn.

Hie gouf 1801 vum Napoleon zum Krichsminister ernannt, eng Plaz déi hie bis 1814, wéi den Napoleon ofgesat gouf, behalen huet.

An där Zäit, wéi hie Krichminister war, hat hien déi franséisch Krichsmarine erëm nei opgebaut.