Nationaldemokratesch Beweegung

(Virugeleet vu(n) Demokratesch Lëscht)

D'Nationaldemokratesch Beweegung war eng nationalistesch politesch Beweegung, déi an der zweeter Hallschent vun den 1930er Joren zu Lëtzebuerg aktiv war. Si gouf 1936[1] vum Leo Müller gegrënnt, deen 1933 schonn déi rietsextrem[2] Dageszeitung Luxemburger Volksblatt etabléiert hat.[3]

Nationaldemokratesch Beweegung

De Romain Hilgert schreift:[3]

Leo Müller hatte von 1919 bis 1933 der Redaktion des Luxemburger Worts angehört, ehe er seine eigene Tageszeitung gründete. Er versuchte sie zu benutzen, um für die Parlamentswahlen von 1934 und 1937 eine Nationaldemokratische Heimatbewegung, beziehungsweise eine Nationaldemokratische Bewegung zu gründen, die schließlich als Demokratische Liste mit Leo Müller und Eugène Schaus ins Parlament gewählt wurde.

Geschicht änneren

Walresultat 1937 änneren

Bei de Chamberwalen 1937 ass d'Nationaldemokratesch Beweegung mat enger Lëscht ("Demokratesch Lëscht") am Walbezierk Zentrum ugetrueden. Op där Lëscht waren ënner anerem fënnef fréier Liberaler an ee kathouleschen Dissident vertrueden.[1]

Am Ganze krut d'Partei 102.013 vun de 610.251 gëltege Stëmmen (17%) am Walbezierk Zentrum.

Demokratesch Lëscht am Walbezierk Zentrum (1937)[4],[5],[6],[7]
Nr. Kandidat Stëmmen
1 Leo Müller 13.048 (gewielt)
2 Pierre Prüm 12.620 (gewielt)
3 Eugen Schaus-Arend 9.039
4 Karl Jones 8.696
5 Joh. Peter Welter 6.283
6 Peter Besch 5.757
7 Michel Kalmus 5.679
8 Robert Gangler 5.514
9 Armand Leick 5.438
10 Albert Schumann 5.320
11 Johann Edinger 5.319
12 Joh. Peter Mahowald 4.969
13 Gustav Loewen 4.938
14 Friedrich Stronck 4.747
15 Franz Niedercorn 4.646
Total 102.013

Zwéi Kandidate vun der Demokratescher Lëscht goufe gewielt: de Leo Müller an de fréiere Staatsminister Pierre Prüm. Well de Pierre Prüm awer och gläichzäiteg am Walbezierk Norden op der Lëscht vun der Partei vun de Baueren, dem Mëttelstand an den Aarbechter Kandidat war an op där gewielt gouf, huet hie sech entscheet, fir den Norden an d'Chamber ze goen. Dowéinst ass fir d'Demokratesch Lëscht am Zentrum den Eugène Schaus nogeréckelt.

No 1937 änneren

1937 war déi eenzeg Kéier, datt d'Beweegung bei Chamberwalen matgemaach huet.

Wärend dem Zweete Weltkrich huet de Leo Müller an der Zivilverwaltung geschafft an 1946 gouf hien zu enger Geldstrof an zwee Joer Prisong verurteelt.[3]

Quellen änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Guy Thewes: Histoire critique ou image d'Epinal? Le Luxembourg de l'entre-deux guerres, in "Forum" Nr. 178, September 1997, S. 57-60
  2. Marc Gloden: Und darin fühlen totsicher die alteingesessenen luxemburger Juden parallel mit ihren arischen Mitbürgern. Die Abwehr jüdischer Einwanderung in den 1930er Jahren als Ausdruck von Fremdenfeindlichkeit und Antisemitismus, in "Identitätsbildung und Partizipation im 19. und 20. Jahrhundert - Luxemburg im europäischen Kontext", Études luxembourgeoises / Luxemburg-Studien Nr. 12, Editeur: Norbert Franz, Thorsten Fuchshuber, Sonja Kmec, Jean-Paul Lehners and Renée Wagener
  3. 3,0 3,1 3,2 Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg 1704-2004. Luxemburg 2004, S. 190-191.
  4. "Offizielle Wahlresultate - Bezirk Zentrum", Escher Tageblatt, 9. Juni 1937, S. 5
  5. "Offizielles Resultat der Kammerwahlen vom 6. Juni", Luxemburger Wort, 9. Juni 1937, S. 4
  6. "Les élections législatives - Résultats officiels de la circonscription du Centre", Luxembourg - Journal du matin, 9. Juni 1937, S. 4
  7. "Resultate der Kammerwahlen - Wahlbezirk Zentrum", Obermosel-Zeitung, 9. Juni 1937, S. 3