Luxemburger Volksblatt (1933-1941)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Luxemburger Volksblatt vum Leo Müller, dat 1933-1941 erauskoum. Fir aner Zeitunge mat deem Numm, kuckt wgl. Luxemburger Volksblatt.

Luxemburger Volksblatt. Unabhängige Tageszeitung war den Titel vun enger rietsextremer Zeitung, déi tëscht dem 27. Mee 1933 an dem 30. Oktober 1941 wiertes erauskoum. Hiert Motto war Arbeit, Autorität, Heimattreue. Editeur war de Leo Müller, dee virdru Redakter beim Luxemburger Wort gewiescht war.[1]

Politesch Usiichten, déi d'Volksblatt vertrueden huet, waren ë. a. eng "„rücksichtslose Säuberung von gewissen fremden Elementen, die unser Volk verderben". Iwwer der Annoncë-Rubrik housch et: "Letzeburger, kâft bei Letzeburger!"[2] Rekurrent Theeme waren eng staark, "reng" Natioun, déi vu baussen an duerch Auslänner am Land bedreet wier; de Kampf géint de Parlamentarismus a géint d'Parteien, déi d'Interesse vum "Vollek", vun "deene klenge Leit", iwwerdubbere géifen; fir eng staark "Führer"figur, fir Korporatissem, asw.[3] De belsche Rexisme vum Léon Degrelle war bei villem d'Virbild.

Nom Däitschen Iwwerfall op Lëtzebuerg, am Mee 1940, ass d'Volksblatt ufanks virun erauskoum. Getrei dem neie Meeschter war den Ënnertitel ewell Heim ins Reich. Am Oktober 1941 gouf et definitiv agestallt a vum Nationalblatt iwwerholl.[1]

Literatur

änneren

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 Hilgert, Zeitungen.
  2. Zit. n. Hilgert, Zeitungen.
  3. Sokrates.lu/Blau, S.4-6.