Dimitris Christofias
(Virugeleet vu(n) Demetris Christofias)
Den Dimitris Christofias (griichesch: Δημήτρης Χριστόφιας; de Virnumm gëtt och alt mat Demetris transkribéiert), gebuer den 29. August 1946 zu Dhikomo, am Distikt Kyrenia, haut an Nord-Zypern, a gestuerwen den 21. Juni 2019, war en zypriotesche Politiker. Hie war vum 28. Februar 2008 bis de 27. Februar 2013 Staatspresident vun der Republik Zypern.
Dimitris Christofias | |
---|---|
Gebuertsnumm | Δημήτρης Δημητρίου |
Gebuer | 29. August 1946 |
Gestuerwen | 21. Juni 2019 |
Doudesursaach | Otemnout |
Nationalitéit | Zypern |
Educatioun | Russesch Akademie vun de Wëssenschaften |
Aktivitéit | Politiker |
Hie war zanter 1989 Generalsekretär vun der zypriotescher Kommunistescher Partei (AKEL). Hie gouf 24. Februar 2008 mat 53,36 % vun de Stëmmen am 2. Tour zum President vun Zypern gewielt. Virdru war e Parlamentspresident.
Um Spaweck
ännerenCommons: Dimitris Christofias – Biller, Videoen oder Audiodateien |