Deidre Du Bois

(Virugeleet vu(n) Deirdre Du Bois)

D'Deidre Du Bois, gebuer den 23. Oktober 1971 zu El Paso, am Texas, ass eng US-amerikanesch-lëtzebuergesch Juristin an Affekotin.[1] Si ass zanter Dezember 2019 Member vum Lëtzebuerger Staatsrot.

Deidre Du Bois
Gebuer 23. Oktober 1971
Nationalitéit USA, Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Panthéon-Assas
Aktivitéit Jurist, Affekot, Politiker, Member vum Staatsrot

Si huet op der Université Panthéon/Assas Paris II Droit studéiert, an dëse Studium 1995 mat zwou Maîtrisen ofgeschloss. 1996 gouf si Member vum Barreau a gouf am Affekotebüro Dupong & Lecuit engagéiert. Zanter 2001 ass si Partnerin am Affekotecabinet Dupong, Krieps, Du Bois & Dias Videira. Si ass op Familljen- a Jugendrecht spezialiséiert.[1]

Den 30. November 2019 gouf si als Conseillère am Staatsrot nominéiert.[2]

Si ass bestuet a Mamm vun zwee Kanner.[1]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 "Deidre Du Bois" op dkdb.lu.
  2. "Deidre Du Bois officiellement nommée au Conseil d'État." paperjam.lu, 13-12-2019.