Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Ramplassang ass e Kaméidistéck vum Dicks (Edmond de la Fontaine, 1823-1891). Am Verzeechnes vum Dicks senge Musekskompositioune ass d'Wierk den Opus 41.

D'Stéck gouf 1863 uropgefouert[1] an 1864 publizéiert.[2]

Resümmee vun der Handlung änneren

Kontext: Wéi Lëtzebuerg nach huet missen Zaldote fir d'Bundeskontingent stellen, goufen déi, déi hu missen dru gleewen, mam Lous gezunn. Et koum ee vun dëser Obligatioun nees lass, wann een e Ramplassang, deemno en Ersatz, fonnt huet.

De Bauerejong Méchel Scheppestill huet e schlecht Lous gezunn. Well hie léiwer doheem bleift fir sech ze bestueden, mécht hie sech op d'Sich no engem Ramplassang. De Kandidat deen e fënnt ersetzt hien awer net nëmmen an der Kasär, mä mécht sech och u säi Meedchen erun. Schliisslech fillt de Méchel sech fräi a zitt selwer an d'Kasär, fir e lëschtegt Zaldoteliewen ze féieren.[3]

Rollen änneren

  • Méchel Scheppestill, e Bauerejong;

Uropféierung änneren

D'Gym huet d'Stéck den 22. November 1863 uropgefouert.

Bekannt Lidder änneren

Literatur änneren

  • Hoffmann, Fernand, 1991. Dicks: oder Abstieg und Aufstieg des Edmond de la Fontaine: Leben und Schaffen eines Nationaldichters. 146 S. Abteilung für Kunst und Literatur des grossh. Instituts, Luxemburg. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg.
  • La Fontaine, Edmond de, 1864. De Ramplassang: Koměděstéck an èngem Ackt / Tèxt a Musék fum Dicks. Letzeburéch: V. Bück, 1864. 32 p.
  • Nehrenhausen, Jeannot, 1992. "De Ramplassang" - Kurioses über militärische Ersatzmänner. De Kropemann: Informatiounsblat vun der Gemeng Réiden op der Atert Nr. 10: 57-68. Redingen-an-der-Attert.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. Hoffmann 1991: 84 an der Literatur.
  2. Cf. La Fontaine 1864 an der Literatur.
  3. Resümmee aus dem Däitschen iwwerdroen aus: Hoffmann 1991: 84 an der Literatur.