De Letzeburger Bauer

(Virugeleet vu(n) De Letzebuerger Bauer)

De Letzeburger[sic] Bauer ass eng lëtzebuergesch Wochenzeitung, déi zanter Januar 2022 vun Agro-Media[1], enger Firma vum Grupp CEPAL[2] erausgi gëtt. Bis dohi war zanter 1946 d'Centrale paysanne luxembourgeoise (Lëtzebuerger Bauerenzentral) responsabel. Zanter 2021 ass de Chefredakter de Laurent Schüssler, Journalist den Helmut Lui.

Entête vum Letzeburger Bauer

Den Ënnertitel ass am Laf vun 2021 changéiert ginn an « Zeitung fir d'Landwirtschaft an d'Liewen am ländleche Raum »; méi spéit[Wéini ?] krut d'Zeitung den Ënnertitel « Zeitung fir d'Landwirtschaft an d'Liewen um Land »[3]

D'Zeitung beschäftegt sech haaptsächlech mat der landwirtschaftlecher Aktualitéit zu Lëtzebuerg an am Ausland, huet doriwwer eraus awer och ënnert anerem eng Rubrik iwwert d'Reiden.

Am Mee 2021 gouf et ënnert der neier Chefredaktioun e Relaunching vu Layout an Inhalt.

2005/06 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 3,30 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer De Letzeburger Bauer gelies. 2006/07 waren et 2,90 %, 2007/08 2,60 % an 2008/09 3,20 %.[4] D'Zuele fir 2010 goufe bis op Weideres net public gemaach.

Der TNS-ILRES Plurimedia Etüd 2021.I no hunn tëscht Februar 2020 a Februar 2021 an der Moyenne all Woch 16.200 Leit iwwer 15 Joer de Lëtzeburger Bauer gelies (3,1 % vun der Wunnbevëlkerung).[5]

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. ënner B6272 – Agro-Media sàrl am Handelsregëster ageschriwwen
  2. ënner B13879 – Société de Gestion du Patrimoine de la Centrale Paysanne Luxembourgeoise am Handelsregëster ageschriwwen
  3. (lb)DE LETZEBURGER BAUER. Centrale Paysanne Luxembourgeoise (19.03.2012). Gekuckt de(n) 15.11.2024.
  4. http://www.gouvernement.lu/publications/informations_gouvernementales/rapports_activite/rapports-activite-2009/01-etat/etat.pdf Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.25.
  5. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.