Dassault Aviation ass en internationale franséische Fligerhersteller vu Militär- a Geschäftsjeten, an ass eng Duechtergesellschaft vun der Dassault Group[1].

Dassault Aviation
Typ SA
Grënnungsdatum 1929
Sëtz Saint-Cloud
Homepage dassault-aviation.com

Et gouf am Joer 1929 vum Marcel Bloch als Société des Avions Marcel Bloch oder "MB" gegrënnt. Nom Zweete Weltkrich huet de Marcel Bloch säin Numm op Marcel Dassault geännert, an den Numm vun der Firma gouf den 20. Januar 1947 op Avions Marcel Dassault geännert[2].

Den Dassault Aviation Group gëtt zënter dem 9. Januar 2013 vum Éric Trappier geleet[3].

Um Spaweck änneren

Commons: Dassault Aviation – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. (fr)Avions, journaux, vin… à quoi ressemble l’empire laissé par Serge Dassault ?
  2. (fr)Du Mirage au Rafale en passant par le Falcon: les multiples facettes de Dassault Aviation
  3. (en)Dassault Names Eric Trappier as Chief to Succeed Edelstenne