Dammentour

Film vum Paul Scheuer (1992)

Dammentour ass e lëtzebuergesche Film vum Regisseur Paul Scheuer. En hat den 30. September 1992 seng Première am Kino Utopia.

Dammentour
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 30. September 1992
Dauer 101 min
Format 1,37:1
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Paul Scheuer
Dréibuch Maisy Hausemer
Fotografie Georges Fautsch
Musek Marcel Wengler
Schnëtt Paul Scheuer
Dekoren Georges Fautsch
Produzent AFO Film
François Reckinger
Schauspiller
Germain Wagner als Romain Welter
Josiane Peiffer als Françoise Welter
Sophie Langevin als Lynn
Luc Feit als Psycholog
Isabelle Costantini
Venant Arend als Charel
Monique Reuter als Marianne
Marcel Wengler als de Wëllen aus dem Éislek
Roger Seimetz als PDG
Pol Trierweiler als Journalist
Barbara Muller als Sekretärin
Robert Bohnert
Marja-Leena Junker
Max Putz
Romain Seiler
Rosario Grasso
André Mergenthaler
Margot Reckinger
Guido Tomassini
Serge Kettmann
Paul Scheuer
Marc Herman
Eddy Gaddum
Rom Hak
Nico Gindt
Gast Gnad
Misch Zeches
Jeanne Ferranti
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De 40-järege Romain Welter (gespillt vum Germain Wagner) a seng 35-järeg Fra Françoise (Josiane Peiffer), eng Sculptrice, wunnen an enger Villa, déi dem Romain den ideale Kader bitt, fir säi Liewensstil als Deel vun der héijer Bourgeoisie, zu där hir wëll gehéieren, ze féieren. Hien ass en erfollegräiche Banquier. D'Villa awer gehéiert dem Françoise, déi es genuch vun hirem Mann huet. Wéi hatt d'Scheedung froe wëll ass et an en Accident verwéckelt, deen hatt un e Rollstull bënnt. Dat arrangéiert de Romain, well elo kann hie senger Fra géigeniwwer den ideale Mann spillen, an trotzdeem geneesou weider liewe wéi virdrun. Am Stot hänkt den Hausseegen ëmmer méi schif. Fir d'Françoise muss d'Situatioun änneren a hatt plangt seng Revanche.

Beim Joggë léiert de Romain d'Lynn (Sophie Langevin) kennen, en attraktiivt jonkt Meedchen a verléift sech zolidd an hatt. No enger Zäitche kënnt d'Lynn mat enger dramatescher Fuerderung un hien erun: fir mat him kënnen zesummen ze sinn, soll de Romain seng Fra ëmbréngen. De Romain léisst sech breetschloen. Hie wëll seng Fra ëmbréngen an et ausgesi loossen, wéi wa si sech suicidéiert hätt.

Mee den Dag vun der geplangter Dot geschitt alles anescht. D'Françoise stierft net an d'Lynn verschwënnt. Eng onbekannt Fra daucht op, behaapt, Lynn ze heeschen an installéiert sech an deem senger Wunneng. Dat perturbéiert de Romain ëmmer méi, bis e seng Affär mat der jonker Fra, déi einfach verschwonnen ass, gesteet. Well hien ëmmer weider nom Lynn sicht, dat kee kennt, gëtt hie schlussendlech an e Sanatorium an d'Schwäiz geschéckt, wou probéiert gëtt, hie vu sengen Halluzinatiounen ze heelen.[1]

Filmproduktioun an Accueil änneren

De Film hat e Budget vun 11,8 Millioune Lëtzebuerger Frang[2], wouvu 7,2 Milliounen e Subside vum neie Lëtzebuerger Filmfong waren.[3]

Dammentour gouf am Ganze vun 19.708 Leit am Kino gesinn.

De Film krut um Filmfestival Max Ophüls Preis 1993 zu Saarbrécken de "Preis der SZ-Leserjury"[4]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. paperjam.lu: 25 ans en 25 films (3/25) | 1992: Dammentour vum France Clarinval (14. November 2015)
  2. Fiche beim CNA, cf. Spaweck.
  3. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 1990, Säit 68
  4. Preisträger·innen 1980 bis heute | Filmfestival Max Ophüls Preis Rubrik 'Ehemalige Preise'. ffmop.de. Gekuckt de(n) 2020-06-05.