DLS (Produzent)
Den DLS, mam richtegen Numm Gilles Hoffmann, gebuer 1988, ass e lëtzebuergesche Produzent a Remixer.[1]. Hie konzentréiert sech op den Hip Hop; donieft produzéiert en awer och Museksgenre wéi R&B, Reggae, Reggaeton, Pop, Grime, Drum & Bass, Dubstep a bal an all Zort vun Technomusek.
Biographie
ännerenDen DLS huet 2002, am Alter vun 13 Joer, fir d'éischt Musek ënner sengem éischte Pseudonym "Da Luxo Style" gemaach. Hien huet mat elektronescher Musek ugefaangen, déi hien och op verschidde Platforme wéi MySpace oder YouTube eropgelueden huet. No enger Zäit huet hie säi Kënschtlernumm op d'Initialien DLS gekierzt a sech méi op Hip-Hop konzentréiert. Vun 2007 un hu verschidden international Kënschtler éischten Interessi u senger Aarbecht gewisen an hie gefrot, Beats fir si ze produzéieren.
2009 ass hien op Brighton a Groussbritannien geplënnert fir do ze studéieren a sech weider der Musikproduktioun ze widmen. 2012 huet den DLS e Master am Beräich Marketing op der University vu Surrey ugefaangen.
Den DLS huet een Album a méi wéi 25 Mixtapes verëffentlecht. Nieft der Produktioun vu Beats schafft den DLS och als Remixer, ënner anerem och fir lëtzebuergesch Kënschtler wéi Serge Tonnar & Legotrip oder d'Rapperen T the Boss a Rebel.[2],[3] E vu senge bekanntste Remixe fir en internationale Kënschtler ass Time Will Tell vun Dub FX. Als Remixer huet den DLS e puer Remix-Kompetitioune gewonnen.
Remix-Kompetitiounen
ännerenJoer | Remix Contest | Numm vum Lidd | Plaz |
---|---|---|---|
2010 | Dub Fx Remix Contest | Time Will Tell (DLS Remix) | 1 |
2010 | Ciara Corr Remix Contest | Get My Way (DLS Remix) | 1 |
2010 | Madelaine Bloom Remix Contest | Zero Tolerance (DLS Remix) | 1 |
2010 | Navsta Beatbox Production Contest | Hexagon Escape feat. Navsta Beatbox | 1 |
2010 | Shad & Dallas Remix Contest | Live Forever (DLS Remix) | 3 |
2011 | Shakira & Pitbull Remix Contest | Rabiosa (DLS Remix) | 3 |
2012 | Ca$h Out Remix Contest | Cashin' Out (DLS Remix) | 2 |
Discographie
ännerenAlbum
ännerenJoer | Album | Publizéiert | Formater |
---|---|---|---|
2010 | Welcome to My World | Mee 10, 2010 | CD, Digitalen Download |
Mixtapes
ännerenJoer | Mixtape | Publizéiert | Typ | Formater |
---|---|---|---|---|
2009 | DLS Beats Vol. 1 | Mee, 2009 | Instrumentale Mixtape | Digitalen Download |
2008 | What Is Hip Hop? | July 9, 2008 | Instrumentale Mixtape | Digitalen Download |
2008 | DLS Classics | November 28, 2008 | Mixtape | Digitalen Download |
2009 | DLS Beats Vol. 2 | Oktober 28, 2009 | Instrumentale Mixtape | Digitalen Download |
2009 | DLS Beats Vol. 3 | Dezember 26, 2009 | Instrumentale Mixtape | Digitalen Download |
2010 | Most Wanted Vol. 1 | Januar 5, 2010 | Instrumentale Mixtape | Digitalen Download |
2010 | Most Wanted Vol. 2 | Mee 18, 2010 | Instrumentale Mixtape | Digitalen Download |
2010 | Most Wanted Vol. 3 | July 21, 2010 | Instrumentale Mixtape | CD, Digitalen Download |
2010 | Rep The Truth (mam Deeze) | November 10, 2010 | Kollaboratiounsmixtape | Digitalen Download |
2011 | DLS Remixes Vol. 1 | März 23, 2011 | Remix Mixtape | Digitalen Download |
2011 | DLS Beats Vol. 4 | Mee 10, 2011 | Instrumentale Mixtape | Digitalen Download |
2011 | Made In Luxembourg Vol. 1 (mam LuTenant) | August 10, 2011 | Kollaboratiounsmixtape | Digitalen Download |
2011 | Made In Luxembourg Vol. 2 (mam LuTenant) | Dezember 10, 2011 | Kollaboratiounsmixtape | Digitalen Download |
2012 | DLS Remixes Vol. 2 | Januar 10, 2012 | Remix Mixtape | Digitalen Download |
2012 | The Martian Cream (mam LuTenant) | Februar 21, 2012 | Kollaboratiounsmixtape | Digitalen Download |
2012 | One Step Closer (mam Cashman CPT) | Februar 27, 2012 | Kollaboratiounsmixtape | Digitalen Download |
2012 | Antidote Vol. 1 | Abrëll 1, 2012 | Mixtape | Digitalen Download |
2012 | Antidote Vol. 2 | Abrëll 14, 2012 | Mixtape | Digitalen Download |
2012 | Made In Luxembourg Vol. 3 (mam LuTenant) | Abrell 25, 2012 | Kollaboratiounsmixtape | Digitalen Download |
2012 | Beats, Kicks and Chicks) (mam HushOne) | Mee 31, 2012 | Kollaboratiounsmixtape | Digitalen Download |
2012 | Expresso (mam All Star Tee Fee) | Juni 7, 2012 | Kollaboratiounsmixtape | Digitalen Download |
2012 | Friday The 13th (mam Potent P) | July 13, 2012 | Kollaboratiounsmixtape | Digitalen Download |
2012 | DLS Beats Vol. 5 | August 20, 2012 | Instrumentale Mixtape | Digitalen Download |
2012 | Made In Luxembourg Vol. 4 (mam LuTenant) | November 1, 2012 | Kollaboratiounsmixtape | Digitalen Download |
2013 | The Future (mam Dub FX) | Januar 1, 2013 | Kollaboratiounsmixtape | Digitalen Download |
2013 | DLS Beats Package 2013 | 2013 | ||
2013 | DLS Beats Vol. 7 | 2013 | ||
2013 | Incognito | 2013 | ||
2013 | DLS Beats Relaxing Music | 2013 | ||
2013 | DLS Beats Vol. 8 | 2013 | ||
2013 | DLS Beats Vol. 9 | 2013 | ||
2013 | DLS Beats Vol. 10 | 2013 | ||
2014 | Stuck Beat Syndrome Vol. 1 | 2014 | ||
2014 | Dead End One Way | 2014 | ||
2016 | The Warm-Up | 2016 |
Um Spaweck
änneren- Websäit vum DLS: www.dlsbeats.com
Referenzen
änneren- ↑ Gilles Hoffmann (DLS) (gekuckt den 23. August 2012)
- ↑ Laksembörg-Sitti Release (gekuckt den 23. August 2012)
- ↑ Keen Hält Mech Op Release (gekuckt den 23. August 2012)