Dëppegéisser (Museksgrupp)

D'Dëppegéisser sinn eng lëtzebuergesch Akustik-Comedy-Folkgrupp, déi Musek mat lëtzebuergeschen Texter mécht. D'Grupp ass nom Beruff vum Dëppegéisser benannt.

Dëppegéisser
D'Dëppegéisser op der Fête de la musique zu Nidderaanwen (2013)
Land Lëtzebuerg
Memberen Luc Guillaume (Gittar, Gesank)
Michel Guillaume (Gittar, Gesank)
Laurent Peters (Bass)
Bob Leick (Batterie, Samples)
Claus Ben (Akkordeon)

Geschicht änneren

D'Dëppegéisser goufe vun de Bridder Luc a Michel Guillaume am Joer 2005 gegrënnt, als Ofwiesslung vun der Musek, déi se an anere Gruppe gemaach hunn. De Michel Guillaume war deemools an der Grupp Ill?, de Luc Guillaume bei Granny's Favouritz. Kuerz drop, 2016, hate si hiren éischte Concert am Café Aula.[1]

2008 hate si en éischten Erfolleg mam Lidd Kim, Kim, Kimi Kirchen, iwwer de Vëlossportler Kim Kirchen a säi Succès beim Tour de France 2008.[2] De 4. Februar 2012 ass hiren éischte Studioalbum Ongeschlaff erauskomm.

Den zweeten Album Mat Schréips an Téitsch koum 2015 eraus. D'Joer drop haten d'Dëppegéisser e grousse Radiohit mat dem Lidd D'Liewen ass kee Kichelchen.

De 24 September 2022 hat d'Grupp e Concert mam Titel A viru mam Jabel am groussen Auditoire an der Stater Philharmonie. Domat hu se hire 15. Gebuertsdag nogefeiert, zwee Joer nom eigentlechen Datum.[3]

Diskografie änneren

Albumen änneren

  • 2012: Ongeschlaff
  • 2015: Mat Schréips an Téitsch

Singelen änneren

  • 2008: Kim, Kim, Kimi Kirchen
  • 2013: Alzenger Oktoberfest
  • 2016: D'Liewen ass kee Kichelchen
  • 2020: De Siggi
  • 2021: Den Téinert

Literatur änneren

  • Revue Nr. 46, 14. November 2012, S.16-17, Hubert Morang: Luxemburger Welle - Dëppegéisser

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Download "Abendprogramm" op philharmonie.lu
  2. tageblatt.lu: Rückblick auf eine großartige Radsportsaison vum Marina Nickels (27. Januar 2009)
  3. rtl.lu: Live! Planet People vum 16. September 2022 (16. September 2022)