Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ

politesch Partei zu Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) D'PARTEI)
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ[1] (kuerz: d'PARTEI) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei déi den 9. Dezember 2019 gegrënnt gouf[2]. D'PARTEI ass d'Lëtzebuerger Schwësterpartei vun der däitscher Satirpartei Die PARTEI. Si huet momentan keng Mandater.

Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ
Ofkierzung d'PARTEI
President Jeff Cigrand
Generalsekretär Jil Eiffes
Fondateuren Jeff Cigrand, Florian Holtgen, Ayla Hentges
Gegrënnt 09.12.2019
Parteizentral

70, rue Camille Wampach

L-2739 Lëtzebuerg
Ideologie Satir
Politesch Positioun Zentrum
Faarf Himmelblo 
Slogan Wielt d'PARTEI, well si ass gutt.
Hymn Die Endgültige Parteihymne
Websäit partei.lu/

Geschicht

änneren

D'PARTEI gouf mat der Iddi fir méi Satir an d'Lëtzebuerger Politiklandschaft ze brénge gegrënnt[3]. Zanterhier probéiert si mat Witz a Satir anere Parteien a politesche Beweegungen de Spigel virzehalen.

Juristesch Affären

änneren

D'PARTEI an hire President goufen 2021 vum Christian Isekin, deemolege President vun der Partei PID a Leeder vu verschiddene libertäre Mouvementer, ugeklot[4]. D'Behaaptung war, datt duerch d'politesch Aktioun de Ruff vum Här Isekin a sengem Mouvement geschiedegt gi wier.

Den 16. Oktober 2023 huet d'PARTEI ugekënnegt bei den EU-Walen 2024 unzetrieden, ënnert dem Motto: "D'EU endgülteg Splécken"[5]. Bei dësem Versuch goung et mat 174 vun de néidegen 250 Ënnerschrëften net duer fir eng Lëscht däerfen opzestellen[6].

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. ursprénglechen Numm: „Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Eliteförderung a basisdemokraktesch Initiativ“
  2. (fr)F12673 - Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ. lbr.lu. Gekuckt de(n) 16.09.2023.
  3. (lb)"d'Partei", eng nei Partei. www.rtl.lu. rtl.lu (25.01.2020). Gekuckt de(n) 16.09.2023.
  4. (fr)Sophie Kieffer, Procès pour diffamation : «Fasciste n'est pas un compliment». Gekuckt de(n) 16.09.2023.
  5. (en)d'PARTEI News // EU, mir kommen!. Gekuckt de(n) 16.10.2023.
  6. (de)Satire-Partei feiert ihren verfehlten Antritt bei der Europawahl. Luxemburger Wort (26.06.2024). Gekuckt de(n) 26.06.2024.