Corravillers

franséisch Gemeng am Departement Haute-Saône

Corravillers ass eng franséisch Gemeng am Departement Haute-Saône am Dall vum Breuchin. D'Gemeng gehéiert zu den 198 Gemengen déi de Parc naturel régional des Ballons des Vosges bilden.

Corravillers
-

-
-
Land Frankräich
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Departement Haute-Saône
Arrondissement Lure
Kanton Mélisey
Postcode 70310
Gemengecode 70176
Koordinaten 47° 53’ 38’’ N
      06° 37’ 24’’ O
Fläch  1.120 ha
Bevëlkerung  196 (1999)

Op der Gemengegrenz mat Rupt-sur-Moselle läit de Col du Mont de Fourche (620 m), iwwer deen d'Route des Forts féiert.

Bis den 13. Februar 1974 huet d'Gemeng Le Plain de Corravillers geheescht.

Kuckeswäertes änneren

  • D'Waasserfäll um Tampa engem Niewefloss vum Breuchin.
 
D'Waasserfäll vum Tampa

Kuckt och änneren