Centre des arts pluriels Edouard-Juncker

(Virugeleet vu(n) CAPe)

De Centre des arts pluriels Edouard-Juncker, och nach Centre des arts pluriels d'Ettelbruck genannt, gekierzt CAPe, ass e Méizweck-Zentrum zu Ettelbréck op der Place Marie-Adélaïde. En huet am September 2000 seng Diere fir de Public opgemaach.

Kulturzentrum Edouard-Juncker

De CAPe gouf op d'Initiativ vum fréieren Ettelbrécker Buergermeeschter Edouard Juncker gebaut an dréit deemno säin Numm. Déi éischt Konzepter fir e Kulturzentrum si schonn 1986 entstanen, konnten awer aus finanziellen a strukturelle Grënn net realiséiert ginn. Eréischt deen zweete Projet huet zum Bau vum aktuellen Haus gefouert, nodeem 1996 de Grondsteen geluecht gouf. D'Gebai ass vum Architekt Henri Jonas entworf an ausgefouert ginn.

De CAPe eegent sech fir Theater, Concerten, Ausstellungen an aner kulturell Manifestatiounen. De CAPe ass um Conservatoire vum Norden ugebaut. E verfüügt iwwer 2 Säll.
Dee grousse Sall huet 450 Sëtzplazen an eng Bün, déi 14 m breet a mat allen techneschen Hëllefsmëttelen ausgerëscht ass.
Dee klenge Sall ass mat flexibelen a moduläre Sëtzreien ekipéiert a ka maximal 120 Leit ophuelen. Ausser fir Concerten ass en och fir Konferenze gëeegent.

D'Aktivitéite vum Kulturzentrum gi vum Veräin Centre des Arts Pluriels d'Ettelbruck koordinéiert, deen e Verwaltungsrot mat 13 Memberen huet. Parallel dozou gëtt et eng Programmkommissioun mat 6 Memberen.

D'kënschtleresch Directrice vum CAPe war vun 2006 bis Enn 2013 d'Ainhoa Achutegui, Nofollger gouf am Fréijoer 2014 de Carl Adalsteinsson.

Um Spaweck änneren