D'Republikanesch Partei war eng politesch Partei zu Lëtzebuerg, déi 1989 bei de Chamberwalen ugetrueden ass. Haaptmann war de Jhemp Bertrand, dee bei Parlamentswale vun 1984 mat der Liberaler Partei, a mat deene vun 1994 mat der Partei fir regional a réel Politik ugetruede war.

An engem Walspot huet si e puer vun hire Revendikatioune bekannt gemaach: Fir d'Schafe vun engem Verfassungsgeriicht, dat d'Anhale vun de Verfassungsprinzipien iwwerwaache sollt; géint Grande-surfacen, fir eng Mindestrent vu 40.000 Frang, fir e Bauspuersystem ënner der Kontroll vum Staat, a fir eng manner héich Besteierung.[1]

Si krut kee Mandat an der Chamber.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Clip vun engem Walspott, agebett am Artikel "Die Don Quichottes der Demokratie" [€] op reporter.lu, 30. August 2018.