De Club culturel Gaïda ass eng de facto Associatioun mat Sëtz zu Stroossen, deen d'Land Bulgarien a seng Kultur zu Lëtzebuerg wëllt bekannt maachen. De Veräi gouf am Joer 2009 gegrënnt a gouf nom traditionelle Museksinstrument Gaïda[1] gedeeft. Member ka jiddweree ginn, dee sech fir Bulgarien intresséiert.

Aktivitéiten änneren

  • Organisatioun vu Concerte[2]
  • Coursë vun traditionelle, bulgareschen Dänz
  • Organisatioun vun Theemenowenter.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. D'Gaïda ass eng Zort Duddelsak a gehéiert zur Klass vun den Aerophonen.
  2. Déi éischt Aktivitéit fir de Club no bausse virzestellen, war de Concert "World Jazz Experience" den 2. Oktober 2009 zu Veianen am Ancien Cinéma mat dem bekannte bulgaresche Museker Boris Dinev (Perkussionist vum OPL) an dem Klarinettist, Flutist a Gaïda-Spiller Emmanuel Frin.