Cleurie ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Vosges, an der Regioun Grand Est.

Cleurie
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Vosges
Arrondissement Épinal
Kanton Remiremont
Postcode 88120

Communauté de communes
de la Vallée de la Cleurie

Gemengecode 88109
Koordinaten 48° 03’ 06’’ N
      06° 40’ 36’’ O
Fläch  1 104 ha
Bevëlkerung  669 (1999)

Si läit am Dall vun der Baach mat dem selwechten Numm op enger Héicht tëscht 416 an 819 Meter.

Zu Cleurie gëtt et eng Pist fir Seefekëschtecourssen ze maachen. D'Pist ass 1 200 Meter laang, huet 5 Kéieren, a geet op där Streck 150 Meter biergof. Am Joer 2006 goufen do déi franséisch Landesmeeschterschafte gefuer.

Cleurie ass eng vun de franséische Gemengen déi keng Kierch huet.

Den éischten Numm vu Cleurie war "Les Arrentés de Cleurie". Dat koum dohier well déi éischt Awunner duerch d'Bezuele vun enger Rent, d'Konzessioune vum Terrain kruten, deen se defrichéiert hunn, an duerno Landwirtschaft drop bedriwwen hunn.

Nopeschgemengen änneren

Kuriéises änneren

  • D'Zyklopemauer vu Lamberfaing
  • D'Fielsewunnengen
  • De Point de vue op der Tête de la Charmotte op 819 Meter.

Um Spaweck änneren

Commons: Cleurie – Biller, Videoen oder Audiodateien