Claudia Monti
D'Claudia Monti, gebuer de 6. Juni 1971[1], ass eng lëtzebuergesch Affekotin an DP-Politikerin.
Claudia Monti | |
---|---|
Gebuer | 6. Juni 1971 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | Demokratesch Partei |
Si gouf den 21. Mäerz 2017 an der Chamber mat 35 vu 54 Stëmmen, bei 5 Kandidaten, als nei Ombudsfra gewielt.[2] Hiert Mandat dauert am Prinzip 8 Joer.
D'Claudia Monti huet no hirer Première am Stater Kolléisch op der Université Robert Schuman zu Stroossbuerg Droit studéiert. 2000 gouf si Affekotin. Nodeems si an e puer Affekote-Cabinete geschafft hat, huet si 2006 hir eegen Etude opgemaach, mat Spezialisatioun op Familljen- a Kannerrecht.[3]
2000 gouf si Member vun der DP, war vun 2013 bis 2015 Vizepresidentin vun där Partei, a war 2013, respektiv 2014 op hirer Lëscht Kandidatin fir d'Chamber- an d'Europawalen (gouf awer net gewielt).[3][4]
Si ass och Presidentin vum Comité participatif des personnes à besoins spécifiques vun der Stad Lëtzebuerg.[4]
Referenzen
änneren- ↑ "Claudia Monti, nouvel ombudsman." Le Quotidien Nr.69, 22. Mäerz 2017, S. 4; och op lequotidien.lu.
- ↑ "Claudia Monti neien Ombudsman" (sic). rtl.lu, 21.03.2017, 17:41:16.
- ↑ 3,0 3,1 "Claudia Monti folgt auf Lydie Err." wort.lu, 21. März 2017 um 14:05.
- ↑ 4,0 4,1 "Élections législatives: Quels sont les candidats du DP?" lesentiel.lu, 24 juillet 2013 13:37; Act: 08.08.2013 19:18.