De Clarence Clyde Seedorf, gebuer den 1. Abrëll 1976 zu Paramaribo, Surinam, ass e fréieren hollännesche Foussballspiller an haitege Foussballtrainer.

Clarence Seedorf
De Clarence Seedorf am Trikot vum AC Mailand

De Clarence Seedorf am Trikot vum AC Mailand
De Clarence Seedorf am Trikot vum AC Mailand
Spillerinformatiounen
Vollen Numm Clarence Clyde Seedorf
Gebuertsdag 1. Abrëll 1976
Gebuertsplaz ParamariboSurinam
Gréisst 177 cm
Positioun Zenter
Veräiner als Aktiven1
Joer Veräin Matcher (Goler)
1992–1995
1995-1996
1996-1999
2000-2002
2002-2012
2012-2014
Ajax Amsterdam
Sampdoria Genua
Real Madrid
Inter Mailand
AC Mailand
Botafogo FR
64 (11)
32 (3)
121 (15)
64 (8)
297 (48)
51 (14)
Nationalekipp
1994-2008 Holland 86 (11)
Statiounen als Trainer
2014 AC Mailand

1 Nëmme Liga-Matcher.
 Stand: 13. Januar 2014

Hien ass bis elo deen eenzege Spiller, dee mat dräi verschiddenen Ekippen am Ganze véiermol d'UEFA Champions League gewanne konnt. Zanter Januar 2014 ass hien Trainer vum AC Mailand.[1]

Carrière als Spiller änneren

Ajax Amsterdam änneren

Als Absolvent vun der Foussballschoul vun Ajax Amsterdam hat hie scho mat 16 Joer säin éischt Spill an der Eredivisie, wat bis haut e Rekord am hollännesche Foussball ass. Bei Ajax huet hie bis e fortgoung (no der Saison 1994/95) ënner anerem zwou national Meeschterschaften (1994, 1995) an zweemol am der Coupe (1993, 1994) gewonn. Hie konnt och duerch en 1:0 géint den AC Mailand d'Champions League gewannen. Am Ganzen huet hien an der Eredivisie 64 Partie gespillt, an deenen hie 11 Goler geschoss huet.

Sampdoria Genua änneren

Seng Erfolleger a seng foussballeresch Qualitéiten hunn d'Konkurrenz am Ausland op hien opmierksam gemaach. Den Zouschlag krut schliisslech den italieeneschen Éischtligist Sampdoria Genua, fir deen de Seedorf allerdéngs nëmmen eng Saison gespillt huet.

Real Madrid änneren

No enger éischter duerchwuessener Saison bei Sampdoria huet sech him d'Chance gebuede sech bei Real Madrid z'etabléieren. Am Summer 1996 huet hie bei Real Madrid gewiesselt.

Inter Mailand änneren

Am Januar 2000 huet hie fir 24,5 Milliounen Euro bei den Inter Mailand gewiesselt.

AC Mailand änneren

An der Saison 2002/03 huet hie fir de Francesco Coco bei de Lokalrival AC Mailand gewiesselt. Do ass hie séier Stammspiller ginn, ënner dem Trainer Carlo Ancelotti als Stammspiller an engem staarke Mëttelfeld mat de Kolleegen Andrea Pirlo an Gennaro Gattuso. A sengem éischte Joer gouf de Seedorf direkt mam AC Mailand Champions League Gewënner.

An der Saison 2006/07 huet hien den Trikot mat der Nummer 10 vum Rui Costa geierft, deen no 12 Joer an der Serie A zeréck a Portugal gewiesselt huet. An där Saison huet AC Mailand erëm d'Champions League gewonnen.

Botafogo FR änneren

Nom Auslafe vu sengem Kontrakt beim AC Mailand um Enn vun der Saison 2011/12 huet de Seedorf bei de Botafogo FR a Brasilien gewiesselt.[2],[3],[4]

Bis zum Enn vu senger aktiver Carrière huet de Seedorf an 33 Matcher 13 Goler geschoss.[5]

Titel an Erfolleger änneren

Mat de Veräiner

Auszeechnungen

Carrière als Trainer änneren

AC Mailand änneren

Mëtt Januar 2014 ass de Seedorf Cheftrainer vum AC Mailand ginn, als Nofollger vum Massimiliano Allegri. De 26.Mee 2014 gouf hie vum Milan entlooss a säin Nofollger gouf den ex-Stiermer Star Filippo Inzaghi.

Literatur änneren

  • Simon Zwartkruis: Clarence Seedorf De biografie. Houtekiet Antwerper/Amsterdam 2003, ISBN 9052406812.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Allegris Nachfolger heißt Seedorf, gekuckt de 14. Januar 2014, kicker.de
  2. At AC Milan headquarters, Clarence Seedorf has said his official farewell to the Rossoneri, ondatéiert Matdeelung op der Homepage vum Clarence Seedorf (gekuckt den 21. Juni 2012).
  3. Niederländer Seedorf wechselt zu Botafogo nach Brasilien, transfermarkt.de (gekuckt den 1. Juli 2012).
  4. A maior contratação de um estrangeiro feita por um clube brasileiro (portugisesch), bfr.com.br (gekuckt den 1. Juli 2012).
  5. http://www.clarenceseedorf.info/pushing-the-limits/