Circolo culturale e ricreativo Eugenio-Curiel
De Circolo culturale e ricreativo Eugenio-Curiel a.s.b.l., kuerz Circolo Curiel, ass ee politesch lénks orientéierte Veräi vun Italieener mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg, deen en italieenesche Kulturzentrum ënner dem selwechten Numm zu Hollerech bedreift.[1]
De Veräi gouf 1971 gegrënnt an huet sech 1972 Statute ginn.[2]
D'Grënner wollten eng Plaz schafen, wou emigréiert Italieener sech mat all deenen treffe konnten, deene Fortschrëtt, sozial Gerechtegkeet, Biergerschaft a Solidaritéit eppes bedeit.
De Veräi gouf nom Eugenio Curiel (1912-1945) genannt, en italieenesche Partisan a Physiker, deen de 24. Februar 1945 zu Mailand vu Membere vun der Schwaarzer Brigade erschoss gouf.
Am Kulturzentrum sinn e Restaurant[3], e Konferenzsall an eng Bibliothéik. Den Circolo Curiel organiséiert reegelméisseg kulturell Aktivitéite wéi Konferenzen, Table-ronden, Filmowenter, Ausstellungen asw.
Um Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Adress: 107, route d'Esch, 1471 Lëtzebuerg.
- ↑ Mémorial C 431/1995: 20666.
- ↑ d'Lëtzebuerger Land vum 26. Abrëll 2019, S. 19