De Christophorus Clavius gebuer 1537/1538 zu Bamberg; gestuerwen am Joer 1612 zu Roum war en däitsche Mathematiker a Jesuittepater vum 16. Joerhonnert. Vu sengen Zäitgenossen ass hie „Kinnek vun de Mathematiker“ genannt ginn. Berüümt gouf hien duerch déi vun him ausgeschaffte Kalennerreform als Member vum Vatikanobservatoire - deem nom Poopst Gregor XIII. genannte Gregorianesche Kalenner.

Christophorus Clavius
Gebuer 25. Mäerz 1538 jul.
Bamberg
Gestuerwen 6. Februar 1612
Roum
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Mathematiker, Astronom

Säi Liewen änneren

De Clavius ass 1555 an de Jesuittenuerden agetrueden a krut do eng Ausbildung. Um Collegio Romano zu Roum studéiert hien Theologie a léiert duerno fir de Rescht vu sengem Liewe Mathematik. De Clavius verfaasst verschidde Mathematiksbicher an dréit sou zu der Verbreedung vun der Mathematik bäi.

No him ass d'Clavius-Gymnasium zu Bamberg an de Moundkrater Clavius genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Christopher Clavius – Biller, Videoen oder Audiodateien