De Christophe Plantin (Christoffel Plantijn op hollännesch; gebuer ëm 1520 zu Saint-Avertin bei Tours a gestuerwen den 1. Juli 1589 zu Antwerpen) war e Buchdrécker an Editeur vu franséischen Originnen, deen an der haiteger Belsch an Holland gelieft a geschafft huet.

Christophe Plantin
Gebuer Mee 1520
Saint-Avertin
Gestuerwen 1. Juli 1589
Antwerpen
Nationalitéit Südlech Nidderlanden, Frankräich, Spuenesch Nidderlanden
Aktivitéit Drécker, Editeur, Buchbënner, Dichter

De Plantin huet zu Orléans, Caen a Paräis studéiert an eng Dréckerléier gemaach. 1549 huet e sech zu Antwerpen installéiert. "Keng aner Stad op der Welt", sou schrouf en dem Poopst Gregoire, "ass méi geeegent, fir dee Beruff auszeüben, deen ech gär méich". 1555 huet en eng Dréckerei opgemaach, déi an hire beschte Jore bis zu 16 Pressen um schaffen hat, an 80 Leit agestallt hat. Zäitweileg ass en op Leiden geplënnert, wou en den Drécker vun der Universitéit gouf. 1570 krut e vum spuenesche Kinnek a vun der Kierch d'Recht, liturgesch Bicher a Spuenien an an Holland ze drécken. 1585 koum en op Antwerpen hannescht, wou e 1589 gestuerwen ass. Säi wichtegst Wierk ass d'Biblia Regia, déi en tëscht 1568 a 1572 erausginn huet. No sengem Doud huet säin Eedem, de Jan Moretus, seng Dréckerei-Entreprise iwwerholl.

D'Archive vun dëser Dréckerei, d'Officina Plantiniana, sinn eng eenzegaarteg Quellesammlung zu 300 Joer Dréckerei- Editiouns- a Sozialgeschicht. Si zielt hautdesdaags zum UNESCO-Gediechtnes vun der Welt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Christophe Plantin – Biller, Videoen oder Audiodateien