Den Chiang Kai-shek oder Tschiang Kai Schek, gebuer den 31. Oktober 1887 zu Xikou an der Provënz Zhejiang a gestuerwen de 5. Abrëll 1975 zu Taipeh, war e chineesesche Militär (Marschall a Generalissimus) a Politiker, a vun 1925 u Leader vun der Kuomintang. Als solleche war en am Chineesesche Biergerkrich (1927–1949) de Géigespiller vum Mao Zedong a bis 1946 ee vun den aflossräichste Politiker vu China.

Chiang Kai-shek
Gebuertsnumm 蔣瑞元
Gebuer 31. Oktober 1887
Gestuerwen 5. Abrëll 1975
Taipeh
Doudesursaach Liewerkriibs
Nationalitéit Taiwan
Aktivitéit Politiker, Militär

No der Néierlag géint Kommunisten huet den Chiang Enn 1949 op Taiwan (fréier Formosa) déi provisoresche Regierung vun der Republik China proklaméiert. En huet do deelweis diktatoresch regéiert an huet bis zu sengem Doud 1975 mat US-Ënnerstëtzung Usproch op ganz China erhuewen.

Literatur änneren

  • Frank Dikötter, The Tragedy of Liberation. A History of the Chinese Revolution 1945 – 57, Bloomsbury, London – New Delhi – New York – Sydney 2013, ISBN 978-1-62040-347-1.
  • Jonathan Fenby, Chiang Kai Shek. China's Generalissimo and the Nation He Lost, Carroll & Graf, New York 2004, ISBN 0-7867-1318-6.
  • Friedrich Wilhelm Schlomann a Paulette Friedlingstein, Tschiang Kai-schek. Ein Leben für China, Lizenzeditioun. Bastei Lübbe, Bergisch Gladbach 1979, ISBN 3-404-01158-9, (Bastei Lübbe 61040).
  • Jung Chang a Jon Halliday Mao. Das Leben eines Mannes. Das Schicksal eines Volkes, 2. Oplo, Pantheon, München 2008, ISBN 978-3-570-55033-5.
  • Oskar Weggel, Geschichte Taiwans. Vom 17. Jahrhundert bis heute. Edition global, München 2007, ISBN 3-922667-08-2.
  • Thomas Weyrauch, Chinas demokratische Traditionen vom 19. Jahrhundert bis in Taiwans Gegenwart, Longtai, Giessen (i. e.) Heuchelheim 2014, ISBN 978-3-938946-24-4.
  • Thomas Weyrauch, Chinas unbeachtete Republik. 100 Jahre im Schatten der Weltgeschichte, Longtai, Giessen (i. e.) Heuchelheim 2009, ISBN 978-3-938946-14-5.
  • Thomas Weyrauch, Chinas unbeachtete Republik. 100 Jahre im Schatten der Weltgeschichte, Band 2 (1950–2011). Longtai, 2011, ISBN 978-3-938946-15-2.

Um Spaweck änneren

Commons: Chiang Kai-shek – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Biographie, op der Säit vun der Bundeszentrale für politische Bildung