Charles Margue

lëtzebuergesche Politiker

De Charles Margue, gebuer de 4. Abrëll 1956 zu Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Soziolog, Meenungsfuerscher, a Politiker (déi Gréng).

Charles Margue
Gebuer 4. Abrëll 1956
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Panthéon-Sorbonne,
Universitéit Paris-Descartes
Aktivitéit Soziolog, Politiker
Partei déi gréng
Famill
Papp Georges Margue

Studium a Beruff änneren

De Charles Margue huet säi Secondaire fir d'éischt am Stater Kolléisch an duerno am Lycée Michel-Rodange gemaach.

Tëscht 1977 a 1984 huet hien zu Paräis op den Universitéite Paris I Panthéon Sorbonne a Paris V René Descartes studéiert a mat enger Licence a Soziologie, enger Maîtrise a Politikwëssenschaften, engem DESS an der Demographie wéi och an der Économie de la santé ofgeschloss.[2]

Vum Oktober 1985 un huet hien als Maart- a Meenungsfuerscher a Chargé d'études beim ILReS (haut TNS ILRES) geschafft. Vun 1999 bis 2018 war hien do Direkter, ier en dunn als Deputéierte fir déi gréng an d'Chamber goung.

Politesch Karriär änneren

Als Enkel vum Nicolas Margue a Fils vum Georges Margue war hie schonn a fréiste Jore mat der Lëtzebuerger Politik konfrontéiert. Obwuel de Grousspapp, wéi och de Papp Member bei der CSV waren, huet hien, bedéngt duerch seng Aarbecht ëmmer eng professionell Distanz zu der Politik behalen. Uganks 2018 huet hie sech dunn der Partei déi gréng ugeschloss an ass de 14. Oktober 2018 bei senger éischter Wal 4. am Walbezierk Zentrum ginn. Hie gouf domat direkt an d'Chamber gewielt[3] a blouf do Deputéierte bis un d'Enn vun der Chambersessioun 2022-23.

Privatliewen änneren

De Charles Margue ass zanter 2008 Wittmann a Papp vun dräi Kanner. Hie wunnt zu Lëntgen.

Literatur änneren

  • Bernard Thomas: "The Thirty-First Man." In: d'Lëtzebuerger Land, 3. Mai 2019, Nr.18, S.5.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Charles Margue, Fiche signalétique op chd.lu, der Websäit vun der Chamber; fir d'lescht gekuckt den 30. Oktober 2018
  2. «Ni rire, ni pleurer mais comprendre»
  3. Charles Margue, itinéraire d'un engagé. Wort.lu (2018-12-17). Gekuckt de(n) 2019-11-04.