Emlyon Business School
D'EM Lyon Business School, virdrun École supérieure de commerce de Lyon (ESC Lyon), ass eng European Business School mat Campussen zu Paräis, Lyon, Saint-Étienne, Casablanca[1] a Shanghai.
![]() | |
(emlyon) | |
---|---|
Land | Frankräich |
Leedung | Isabelle Huault |
Schülerzuel | 9.000 |
2021 | |
Gegrënnt | 1872 |
Genannt no | Lyon |
Um Spaweck | https://www.em-lyon.com/ |
Si gouf 1872 gegrënnt. 2014 gouf d'EM Lyon am Ranking vun der Financial Times ënner déi 14 bescht European Business Schools gewielt[2]. Den Executive MBA vun der EM Lyon beleet am internationale Ranking vun der Zeitung déi 68. Plaz[3]. Der Schoul hiren MEB ass änlech wéi e Vollzäit-MBA mä zeechent sech duerch eng interkulturell Approche aus. D'EM Lyon huet och e PhD-Programm an eng Rei vu Master-Programmer a spezifesche Managementsgebidder wéi Marketing, Finanzen oder Direction d'Entreprise. D'Programmer vun der EM Lyon sinn op internationalem Niveau dräifach accreditéiert; vun der AMBA, der EQUIS an der AACSB.
Méi wéi 33.000 Anciene vun der Schoul sinn an der Politik an an der Business-Welt aktiv; dorënner de Jean-Pascal Tricoire (PDG Schneider Electric), de Bernard Fornas (PDG Cartier International), de César Girod (PDG Pernod), den Stéphane Bern (franséische Journalist) an de Philippe Marcel (PDG Adecco France).