Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Carlo Loudvig, gebuer 1935[1] a gestuerwen zu Péiteng den 10. Juni 2015[2], war e Polizist an e lëtzebuergesche Pionéier vun der Aviatioun (Fallschiermsprénger). Hien huet als Moniteur vun de Parachutisten, zesumme mam Ajusteur Marcel Entringer[3] (déi zwéin hate sech a Frankräich an an Däitschland qualifizéiert) an 10 Elèven, 1969 zu Déifferdeng de Parachutisteclub gegrënnt.

Carlo Loudvig
Gebuer 1935
Nationalitéit Lëtzebuerg

Rekordleeschtungen änneren

  • Mee 1969: Lëtzebuergesche Rekord vum Carlo Loudvig zu Sion (Schwäiz), mat engem Sprong aus 6.200 Meter Héicht mat Ouverture retardée.
  • September 1969: Rekord zu Yverdon (Schwäiz), e Sprong aus 10.150 Meter Héicht (Chute libre) bei minus 57° C, deen him den Titel Benelux-Champion abruecht huet.

Literatur änneren

  • 1985 - 20 ans Cercle Para Luxembourg; Broschür, koordinéiert vum Ed Kayser; Lëtzebuerg (Rapid Press), [Juli] 1985; 40 Säiten (ill.); vgl. Chronik Ss. 11-13!

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. aero100. worpress.com
  2. Tageblatt vum 15. Juni 2015
  3. Noruff am Luxemburger Wort vum 18. November 2006