Carlo Jans

lëtzebuergesche Flüttist an Dirigent

De Carlo Jans, gebuer den 15. Mäerz 1963 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Flüttist an Dirigent.

Carlo Jans
Gebuer 13. Mäerz 1963
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker, Dirigent

Liewen a Karriär

änneren

Am Alter vu 5 Joer huet hien ugefaange Flütt ze léieren a mat 12 Joer Gei. No senge Museksstudien zu Lëtzebuerg an Nanzeg huet hien um Conservatoire Royal de Liège den Diplôme Supérieur de flûte gemaach. Als Student vum Flütist Raymond Guiot huet hien de 1ier Prix Supérieur de la Ville de Paris gemaach. Duerno huet hien sech an der Musikhochschule Köln perfektionéiert.

Am Conservatorium Maastricht huet hien beim Jan Stulen a Jean-Philippe Rieu Direktioun studéiert. Weider huet hien an der Zuid Nederlandse Hogeschool voor Muziek studéiert, zu Sankt Péitersbuerg mam Jorma Panula seng Direktiounsstudien verdéift fir dann en Doctor in Arts op der Museksakademie vu Łódź ofzeschléissen.

Zënter 1984 ënnerriicht hie Flütt a Kammermusek um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, wou hien 1999 Professer fir Flütt an Direktioun gouf. Vun 2002 bis 2009 huet hien och op der Musikhochschule zu Saarbrécken Course ginn. Duerno war hien och Member vun de Solistes Européens Luxembourg.

1988 huet hien de Forum International pour flute et piano Diekirch/Luxembourg gegrënnt.

A ganz villen Orchesteren duerch d'Welt ass hien als Solist opgetrueden.

Säin Urgrousspapp war den Antoine Jans.

Um Spaweck

änneren