Carlo Brioschi

italieeneschen Astronom

De Carlo Brioschi gebuer de 15. August 1781 zu Mailand a gestuerwen den 29. Januar 1833 zu Neapel war en italieeneschen Ingenieur an Architekt deen awer haaptsächlech als Astronom bekannt ass.

Carlo Brioschi
Gebuertsnumm Carlo Maria Rocco Francesco Saverio Brioschi
Gebuer 15. August 1782
Mailand
Gestuerwen 29. Januar 1833
Neapel
Aktivitéit Astronom, Ingenieur, Architekt, Geodet, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Astronomical Society

De Corlo Brioschi, deen als Kand vum Architekt Giuseppe Brioschi zu Mailand op d'Welt koum hat en Ingenieur-Architektestudium op der Universitéit vu Pavia gemaach. No sengem Studium koum de Brioschi op den Astronomeschen Observatoire vu Brera[1] wou hie vun 1804 bis den 9. Mäerz 1813 bliwwen ass. Duerno huet hie fënnefanenhalleft Joer zu Mailand um geographeschen Institut vun der Arméi geschafft, wou hien ënner anerem d'geodetesch Triangulatioun vun den Herzogtemer Parma a Piacenza gemaach huet.

1818 koum hien op Propositioun vum Barnaba Orioani op den Observatoire vun Neapel, wou hien nom Giuseppe Piazzi sengem Doud Direkter gouf. Dernieft war hie vun 1824 bis zu sengem Doud Professer fir Astronomie op der Universitéit vun Neapel.

Eng vu sengen éischten Aarbechten zu Neapel war fir am Osttuerm vum Observatoire e Reichenbach-Repetitiounskrees opriichten ze loossen.

Den 10. Mee 1822 gouf hie Member vun der Royal Astronomical Society.

De Brioschi huet sech och fir d'Loftfaart intresséiert. Den 22. August 1808 huet hien zesumme mam Pasquale Andreoli en Héichterekord vun 8.262 Meter an engem aerostatesche Ballon opgestallt.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Biographie op der Websäit vum INAF