De Carl von Ossietzky, gebuer den 3. Oktober 1889 zu Hamburg a gestuerwen de 4. Mee 1938 zu Berlin, war en däitsche Publizist a Friddensnobelpräisdréier. Mat 24 Joer gouf hie Journalist an huet missen um Éischte Weltkrich deelhuelen. Doduerch gouf hien e radikale Pazifist a war 1919-1920 Sekretär vun der Deutschen Friedensgesellschaft an och Member vun der Beweegung Nie wieder Krieg.

Carl von Ossietzky
Pseudonym Celsus, Thomas Murner, Lucius Schierling, Yatagan
Gebuer 3. Oktober 1889
Hamburg
Gestuerwen 4. Mee 1938
Berlin
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit Däitscht Räich
Aktivitéit Journalist
De Carl von Ossietzky am KZ
Monument zu Berlin fir de Carl von Ossietzky

Hien huet fir verschidde lénksliberal Zeitunge geschafft an huet vun 1927 d'Weltbühne, déi der SPD nostoung, geleet an do besonnesch virum Faschismus gewarnt.

Als ee vun de Verantwortleche vun engem Artikel deen déi geheim Oprëschtung vun der Reichswehr publik gemaach a verurteelt hat, gouf de Carl von Ossietzky 1931 wéinst Landesverrot verhaft an e Joer méi spéit nees fräigelooss.

No dem Brand vum Reichstagsgebai 1933 gouf hie vun der Gestapo festgeholl an a Konzentratiounslagere schwéier mësshandelt. Dem Hermann Göring seng Propos fir hien ze begnodegen, wann hie géif widderruffen, huet de Carl von Ossietzky ofgeleent.

Kuerz virun den Olympesche Summerspiller 1936 gouf hie schwéierkrank aus dem KZ an e Spidol entlooss. Hie stierft 1938, nach ëmmer ënner Polizeibewachung, un de Follge vun den Entbierungen a Mësshandlungen déi hien an der Gefaangenschaft erlidden hat.

De Friddensnobelpräis 1935 gouf him eréischt nodréiglech den 23. November 1936 zougesprach[1]. Doropshin huet den Adolf Hitler allen Däitsche verbueden en Nobelpräis unzehuelen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Carl von Ossietzky – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. (en) De Friddensnobelpräis 1935