D'Carbonmillen zu Ëlwen war eng vun de Millen zu Lëtzebuerg, déi ni vum Waasser ugedriwwe gouf.

Et war de Pierre Carbon-Mersch, deen am Joer 1879 eng kleng Millen an e Lager mat Bäckerei zu Ëlwen a Betrib geholl huet. Vun Ufank u gouf d'Mille mat Dieselmotore ugedriwwen. 1914 huet den Nicolas Carbon d'Millen iwwerholl. Nodeems d'Cegedel den Norde vum Land elektrifizéiert hat, goufe vun 1929 un d'Millerieder elektresch ugedriwwen.

Fir ze muelen hat d'Millen e Schroutwierk a siwe Walzestill fir méi rengt Miel. Domat konnte bal 20 Tonnen a 24 Stonne verschafft ginn.

Bei der Ardennenoffensiv koum et den 21. Dezember 1944 beim däitsche Réckzuch dozou, datt en däitsche Sprengkommando déi ganz Mille sollt an d'Luucht sprengen, fir den Alliéierten den Duerchbroch duerch Ëlwen onméiglech ze maachen. De Mëller huet et awer fäerdegbruecht de Responsabelen dovun z'iwwerzeegen, datt d'Millen iwwerliewenswichteg wier fir d'Awunner vun der ganzer Géigend.

De 17. Dezember 1961 gouf d'Millen bei engem Groussbrand bannenan total zerstéiert a gouf net méi opgebaut.

Kuckt och änneren