Caramba s.à r.l. ass eng lëtzebuergesch Gesellschaft, déi ënner dem Kollektivnumm Caramba Cinemas Kinoen zu Lëtzebuerg bedreift.

Zu dëse gehéieren d'Kinossäll Kursaal zu Rëmeleng, Waasserhaus zu Munneref an de Ciné Ermesinde zu Miersch. Bis uganks 2016 waren do och nach den Ariston an de Kinosch zu Esch-Uelzecht derbäi.

Bis am Summer 2012 hat Caramba och eng Bedeelegung un der S.A. Caramba Sud, déi de Multiplex-Kino CineBelval um Belval bedriwwen huet. Dës gouf awer ofgetrueden, an de Kino gouf spéiderhi vum Utopolis Group iwwerholl (dee sengersäits Enn 2015 vum Kinepolis Group iwwerholl gouf).

Um Spaweck änneren