Ariston
Den Ariston zu Esch-Uelzecht ass e fréiere Kino mat um éischte Stack engem Festsall, um Eck vun der Rue Pierre-Claude an der Rue Zénon-Bernard, net wäit ewech vun der Brillplaz (Place de la Résistance).
![]() | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Esch-Uelzecht |
Plaz | Esch-Uelzecht, rue Pierre-Claude |
Koordinaten |
49° 29’ 27.71’’ N 05° 58’ 35.70’’ O |
Datum vum Bau | 1960-1962 |
Proprietär | Stad Esch-Uelzecht |
D'Gebai gouf tëscht 2020 an 2022 an e Kanner- a Jugendtheater vun der Stad Esch ëmgebaut.
GeschichtÄnneren
D'Gebai gouf 1960 gebaut als Centre communal des Oeuvres paroissiales, an deem nieft engem Kino e Bistro, e Festsall an e Konferenzsall ze fanne waren. Seng Erëffnung gouf 1962 gefeiert.
De Kino AristonÄnneren
Den éischte Film deen am Ariston gewise gouf, war A Nun's Story.
Mam allgemenge Réckgang vun de Kinosspectateuren an den 1970er Jore goufen Zanter 1978 bal nëmmen nach Erotik-Filmer gewisen, bis datt den Ariston 1986 zougemaach huet.
De 15. Mee 1991 huet den Utopia Group d'Exploitatioun vum Kino iwwerholl, e restauréiert souwéi d'Technik op den deemolege Stand bruecht.
Am Mee 2006 huet dann den Utopia Group opgehalen a Caramba huet en iwwerholl. Am Juni 2006 gouf de Kino komplett frëschgemaach an no enger Porte ouverte den 22. Juni goung den Ariston op Nationalfeierdag nees op.
De Kino Ariston hat dunn 223 Sëtzplazen, a war mat engem Filmprojektiounsapparat fir 35 mm-Filmer an och engem Digitalprojekter equipéiert. Den Ecran war 12 m op 5 m grouss.
De 5. Januar 2016 huet Caramba de Betrib agestallt.[1]
De Kanner- a JugendtheaterÄnneren
Enn Mäerz 2019 huet den Escher Gemengerot annoncéiert, datt d'Stad Esch d'Gebai mam Kino wéilt kafen, fir do e Kanner- a Jugendtheater dran anzeriichten. Se wéilt och e positiven Avis ofginn, fir d'Gebai als nationaalt Monument ze klasséieren, wat dann och den 20. Dezember 2019 geschitt ass[2]. De Kulturministère an déi national Denkmalschutzkommissioun géifen dann och d'Halschecht vun de Käschten, 2 bis 3 Milliounen Euro, bäisteieren.[3]
2020 ass d'Gemeng fir 4,68 Milliounen Euro neie Proprietär ginn. Den Architektebüro WW+ huet d'Pläng fir d'Restauréierung gemaach, déi eng weider 15 Milliounen Euro kascht hunn. Den 13. Juni 2022 war Porte-ouvert vum nei Gebai. Vu September 2022 un ass den Escher Theater fir d'Programmatioun zoustänneg.[4]
Am neien Theatersall sinn 174 Sëtzer; d'Bün ass 10 Meter breet, och un e Kinosécran gouf geduecht. Uewenop ass e Méizwecksall, dee fir Veräinsversammlungen oder Ateliere genotzt ka ginn. Zu gudder Lescht gëtt et eng Bar am Keller, wou och Liesungen oder kleng Concerten organiséiert kënne ginn.[4]
Kuckt ochÄnneren
LiteraturÄnneren
- Ronald Dofing: "Écran blanc." in: d'Lëtzebuerger Land Nr.33, 17. August 2018, S.19.
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Öffentliche Übernahme als letzte Rettung." tageblatt.lu, 9. Februar 2016.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 22. Februar 2023).
- ↑ "Kanner- a Jugendtheater soll entstoen: Stad Esch wëllt de fréiere Kino Ariston elo awer kafen." rtl.lu, 30.03.2019 06:56.
- ↑ 4,0 4,1 France Clarinval: "L'après-2022 se dessine à Esch." d'Lëtzebuerger Land 10.06.2022, S.7.