De Camp vu Sissone ass e franséische Miltärcamp an der Gemeng Sissonne an der Aisne.

De Camp huet eng Fläch vu 6.000 ha, an am Camp ass de Centre d'entraînement aux actions en zone urbaine installéiert deen do 2006 seng Dieren opgemaach huet.

Dëse Centre deen nei opgebaut gouf, war geduecht fir d'Zaldoten am Haiserkampf ze trainéieren. Dofir gouf op enger Fläch vu ronn 100 ha eng Uertschaft, déi engem Duerf vu 5000 Awunner entsprécht, nom Wonsch vum Chef vum État-major vun der Landarméi, dem Generol Bernard Thorette, nogebaut.

Den neie Camp kënnt an d'Plaz vun de sougenannten Ersatzcampe vu Mailly-le-Camp (Aube), Canjuers (Var) a Caylus (Lot-et-Garonne).

An den 1960er Joren huet d'Lëtzebuerger Arméi dësen Terrain heiansdo als Manöverfeld benotzt.

  • Code: LFXP (SISSONNE)
  • Radiosidentificatioun: PAPA-CHARLIE op der Frequenz: 51.10 MHz

Kuckt och änneren